Zu Lëtzebuerg liewen ëmmer méi Leit op der Strooss. Dat ass keng Fatalitéit. Do kann een eppes dogéint maachen. A senger Carte Blanche, erkläert de Gilles Hempel eis, wéi déi skandinavesch Länner de Problem uginn.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

Den 21. Juni 2021 huet Lëtzebuerg d’Lissabon-Erklärung zur Bekämpfung vun der Obdachlosegkeet ënnerschriwwen. Do hunn déi europäesch Staate sech engagéiert, d’Obdachlosegkeet bis 2030 ze beenden.

Europawäit ass d’Obdachlosegkeet säitdeem awer weider an d’Luucht gaangen.

Och hei zu Lëtzebuerg liewen ëmmer méi Leit op der Strooss.

An de skandinavesche Länner, besonnesch a Finnland, ass d’Obdachlosegkeet an de leschte Joren awer zeréckgaangen. Finnland wäert d‘Lissabon-Zil scho virun 2030 erreechen. Zu Helsinki gëtt elo scho quasi keng Obdachloser méi.

Housing First heescht hiert Erfollegsrezept. An dem Modell kréien obdachlos Mënschen direkt eng dauerhaft Wunneng zur Verfügung gestallt. Mat enger engmascheger Begleedung, mee ouni Virbedéngung. Hei ass d’Iddi, dass eng stabil Wunnsituatioun de Mënschen eng Basis bitt, fir hir aner Problemer ze léisen. An d’Erfarung weist, dass et funktionéiert.

Zu Lëtzebuerg ginn et lo éischt Projeten, déi sech Housing First nennen. Allerdéngs handelt et sech dobäi virun allem ëm sougenannte "Single-Site Housing". Dat heescht, dass déi betraffe Mënschen all zesummen an enger Foyer-änlecher Struktur zesumme wunnen. Dass dat net ideal ass, läit op der Hand.

Méi zilféierend ass de sougenannte "Scattered-Site Housing". Do wunnen déi Mënschen a ganz normale Wunnengen an Ärer oder menger Noperschaft a kënnen esou besser an d’Gesellschaft integréiert ginn.

Mee ouni Wunneng, ouni Housing, meescht ee keen Housing First.

Zu Helsinki hu se dofir ee Quotesystem agefouert. An all neiem Bauprojet muss net nëmmen ee gewësse Prozentsaz u Sozialwunnenge virgesi sinn, mee och jeeweils e puer Wunnengen, déi exklusiv fir den Housing First reservéiert sinn.

2030 - dat ass a gutt 5 Joer. Wa Lëtzebuerg d’Zil vun der Lissabon-Erklärung, d‘Obdachlosegkeet bis 2030 ze beenden, erreeche well, da muss an dëser Legislaturperiod eppes geschéien. Nach weider opschiben, kann een dat net méi.