Vun der Work-Life-Balance zur Screen-Life-Balance. Wien ze schwach ass fir den Smartphone selwer auszemachen an aus der Hand ze ginn soll mat schwache Mesuren dobäi gehollëf kréien. De Versuch eng verpassten medienpäagogesch Erzéiung duerch Verbuetsregeln awer nach ze klären. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Wärend déi eng ob de Spillkatalog fir d'Feierdeeg waarden an déi aner hir Kanner motivéieren, der Post en Timber fir de Kleeschen ze molen[1], huet d'Bildungspolitik schonns mat Ouschterhues d'Saach gekläert: dee bréngt d'nächst Joer all Kand en Ee a Form vum Handyverbuet an der Grondschoul[2].

Dat dës Mesure nach bis Ouschtere muss waarden, bleift änlech schwéier novollzéibar, wéi de Fait, datt et sou laang gedauert huet, bis iwwerhaapt eppes geschitt ass. Deemno onglécklech an nawell besser spéit wéi ni.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Den Depliant, deen dem Ouschterhues säi Cadeau annoncéiert, koum dofir och schonns an d'Haus. Resumé: opgepasst - den Handy ass toxesch. Eng Tatsaach, déi vun den Elteren zënter Jore gewosst ass a bedauert gëtt oder wéi sot schonns de Paracelsus virun iwwert 500 Joer: et ass Dosis, déi eng Saach gëfteg mécht - also och den Handy. D'Bildungspolitik kënnt awer eréischt an d'Gäng, nodeems eng Etüd gelies gouf, wou genau dat drastoung, wat all Mamm a Papp mat Common sense schonns laang Suerge mécht. Bis Ouschteren ass et da weiderhin un den Elteren, jee no Altersstuf, doheem selwer ze differenzéieren, fir hiert Primärschoulkand op Kräizegung vum Handy Ouschteren 2025 virbereeden.

Am Secondaire ass de Problem nach méi laang bekannt. Nodeems de Lycée Ermesinde 2023 déi éischt puer Wochen nach an der Kritik stoung, den aarme Schüler den Handy ze verbidden, huet et net laang gedauert, datt aner Schoule wéi och Zivilgesellschaft sech gewëscht hätten, si wieren direkt mat ob dee Wee gaangen. An nawell ginn d'Lycéeën am Ree stoe gelooss - no der Kräizegung Ouschteren an der Grondschoul hu Lycéeën Zäit bis Péngschten, fir ze entscheeden, ob an ënnert wéi enge Konditiounen den Handy am Secondaire operstoe kann. Firwat doe sech déi politesch Responsabel sou schwéier, fir eendeiteg Reegelen opzestellen? Oder gëtt een an dem engen Eck vum Land manner ofgelenkt vum Smartphone wéi an engem aneren?

Mediepädagogik als Deel vun enger konstruktiver Léisung schéngt allzäit nach ëmmer keng Lobby bei de Policy makers ze hunn.
 
Politik ass awer net eleng an der Verantwortung. D'Appen, no deene Kanner sou süchteg sinn, hunn all eng Alterslimitt. Déi kann ee just duerch Fuddelen a Léie fräischalten, andeems Kand am Netz méi al ass wéi ob der Carte d'identité oder en Erwuessener direkt säin Account zur Verfügung stellt. Hei läit de Ball ganz kloer bei den Elteren. D'Argument, déi aner Mammen a Pappe schalten dat och fräi, ass a bleift souwuel irresponsabel wéi och e moraleschen Denkfeeler. 
Déi ganz Causa erënnert un eng aner legaliséiert Sucht, d'Saach mat den Ziggessen, also dem Fëmmverbuet. Do gouf och de sozialen a kulturellen Ofbau an Ënnergang vun der Gastronomie an dem Bope-Bistro prophezeit. Trei dem Sproch: éischtens kënnt et anescht an zweetens wéi en denkt, ass och dës Prophezeiung am Sand verlaf. Ironie vum Schicksal: den Handy ass wuel méi e Grond, firwat kee méi an de Kaffi geet - et ass méi bequeem artifiziell, also digital, sozial op der Couche doheem ze sinn, wéi op engem Dësch deem vis-à-vis a d'Aen ze kucken, wann een net averstanen ass.