A senger Carte Blanche probéiert de Robert Weber, fréieren LCGB-Nationalpresident a fréieren Deputéierten, kloer ze maachen, dass "systemesch" sech net just beim Geld applizéiert.

"Systemesch” ass e Wuert, dat an eisem Sproochgebrauch net dacks virkënnt. Allgemeng hu mer dat Wuert bis d‘Joer 2008 kaum benotzt, oder wossten net, fir wat et steet. Am Joer 2008 ass ganz Welt an eng déifgräifend Finanzkris gestruddelt. Och Lëtzebuerg war betraff. Déi deemoleg Juncker-Regierung huet d’Kris ausgeruff, well eise Bankesecteur virun der Total-Faillite stoung. De Finanzsecteur konnt sech net méi selwer retten. D’Regierung huet missten agräifen. Spuerkeess, BGL a BIL goufen als "systemesch" Banken deklaréiert an hu misste mat ëffentlecher Hëllef an auslännesche politesche Relatioune gerett ginn. Dës Finanzinstituter waren a sinn an eisem Land systemrelevant, fir dass eis ganz Wirtschaft, privat Haushalter, Betriber an eis ëffentlech Institutioune kënne funktionéieren.

Carte Blanche vum Robert Weber

Et gëtt also an eisem Land Entitéiten, déi esou wichteg fir eis all sinn, dass iwwerhaapt eppes funktionéiert.

Dat gëllt awer net nëmme fir de Finanzsecteur!

De "Wiktionary" seet dozou: Jeder "systemische“ Ansatz zeichnet sich dadurch aus, dass man sich nicht auf den Problemträger konzentriert, sondern ein ganzes System in den Blick nimmt.

Also, da gëllt an Zäite vun Inflatioun, dass eng Regierung an de Präis-Marché agräife muss, fir Grondernärungsprodukter erschwénglech ze erhalen. Dat heescht awer och, dass an Inflatiounszäiten eng Regierung dofir suerge muss, dass Heizungsproduite wéi Gas, Pëtrol an Elektresch bezuelbar bleiwen.

Eist Gesondheetswiesen an eist Bildungswiesen si "systemesch".

An da gëtt et nach de Fleegeberäich. Hei sinn Déngschtleeschtungsträger wéi "Hëllef Doheem", oder "Help" "systemesch".

An de 70er Joren an nach bis haut war eis Stolindustrie "systemrelevant": De Staat, de Bierger an d'Stol-Aarbechter hu vill Sue bezuelt, fir d’Stolkrisen ze iwwerwannen.
 
An da gëtt et an eisem Land nach e Beräich, deen "systemesch" ass. Net all Bierger verfüügt iwwert en déckt Akommes, huet eng Aarbecht, huet eng Wunnecht. Net all sozial schwaach Situatioun gëtt vu staatlechen Institutiounen opgefaangen. Hei muss vill privat Initiativ a Volontariat hëllefen, de Problem ze stäipen.

Dofir sinn Organisatioune wéi Croix Rouge oder Caritas "systemrelevant"!

Si sinn zousätzlech am internationale Beräich aktiv a kënnen och op Reseauen zréckgräifen.

Et ass sécherlech net gutt, wann op internationalem Niveau eng Caritas-Lëtzebuerg net méi do wier. Si konnt Dieren ophalen, wou aner grouss Länner wéinst hirer internationaler Politik verdächtegt waren a sinn.
Et ass sécherlech och net gutt, wann an eisem Land eng Caritas net méi do wier.

Aarmut ass och "systemesch"!