A senger Carte Blanche schwätzt den Ex-Deputéierte Jean Huss iwwer Krichsrisiken an a ronderëm Europa.

Zanter e puer Joer gi mer an de Medien all Dag bombardéiert mat Angscht ausléisende schlechten Noriichten, engersäits iwwert nei potentiell Virenrisiken – Afepouken, Vullegrippen, Corona-Mutanten an esou weider, anerersäits awer och mat erschreckende Biller an Noriichte vun Zerstéierung an Doud aus den aktuelle Krichsgebidder: Gaza, Libanon, ukrainesch-russesch Grenzgebidder an esou virun.

An elo wëllt och nach d’Regierung vun den USA als Nato- Führungsmacht an als selbsternannte Weltpolizist hei bei eis an Europa, an Däitschland, nei atomar Mëttelstreckerakéite géint Russland installéieren. D’USA selwer si geographesch gekuckt wäit vum Schoss, eis Europäer kann an däerf dat allerdéngs, wéinst militärescher Eskalatiounsrisiken, net egal sinn!

Léif Nolauschterinnen,

Déi Eeler ënnert Iech erënnere sech sécher nach un d‘8oer Joren, wou deemools schonn eng kéier d’USA an d’Sowjetunioun atomar Mëttelstreckerakéiten hei an Europa géinteneen a Stellung brénge wollten. Deemools allerdéngs gouf et hei an an Europa insgesamt eng aktiv a staark Antikrichsbeweegung, där et duerch vill Opklärung a friddlech Widderstandsaktioune schliisslech gelonge war, di ganz militäresch Oprüstungsspiral hei an Europa ofzebremsen an ze stoppen!

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Mat den neien amerikaneschen atomare Mëttelstrecken-Stationnierungspläng sti mer haut also erëm eng Kéier do, wou mer an den 80er Jore schonn eng Kéier waren: statt Friddensinitiativen an Friddensbeméiungen am russesch-ukrainesche Grenzkrich, déi méiglech an absolut noutwendeg wieren, weider militäresch Oprëschtung, warscheinlech och nach mat nach aneren, méi heimtückeche Waffesystemer: Klima-, Cyber- an elektromagnéitesch Stralewaffen, gentechnesch verännerte Viren oder Bakterien, also Biowaffen an esou virun.

Zanter Corona a schonns Jore virdru wësse mer, dat an esou munchen zivil-militäresche Fuerschungslaboratoire mat Hëllef vun der sougenannter „gain of function“-Fuerschung versicht ginn ass, Viren oder Bakterie genetesch esou ze manipuléieren, datt se fir d’Mënschen extrem ustiechend , krankmaachend an esouguer déidlech kënne ginn.

Dofir wier et a mengen Aen och absolut onverzichtbar, datt eng nei Friddensbeweegung an d’Politik aktiv a kloer och géint all weider Hierstellung vun esou schlëmmen, biologesche Waffen a fir e generelle Verbuet vun esou Waffe géif antrieden.