Haut freet d’Magali Paulus sech, wat dës Saache gemeinsam hunn? Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Hierscht 2024. Et war schwéier, en Thema fir des Carte blanche erauszewielen. An 3 Deeg ass et schonn 1 Joer, dass d’Attack vum Hamas op Israel geschitt ass an domat de Genozid a Gaza ugefaangen huet. 1 Joer, wou e groussen Deel vun der Welt indignéiert dësen Genozide denoncéiert, dëst si gréisstendeels Länner, déi selwer um Kolonialismus gelidden hunn. Den aneren Deel mécht d’Aen zou a seet heiansdo lues a schéi, « Lo geet et awer duer, Här Nethanyahu». D’USA ginn nach ëmmer weider Israel Milliarden Dollar fir de Kaf vu Waffen a blockéieren den UN-Sécherheetsrot.

Carte blanche vum Magali Paulus

Zum Krich a Gaza huet de Poopst eng méi progressiv Haltung, wéi déi meescht Staatscheffen an Europa. An och zur Klimakris war hien ëmmer ganz vokal an huet d’Mënschheet opgefuerdert z’agéieren. Lo war de Poopst och zu Lëtzebuerg. Ech hu mer du geduecht, "hei elei, vläicht lauschtere jo de Grand-Duc an de Premier him no, wann hien iwwert Gaza, d’Migratioun an d’Klimakris schwätzt". Mee wat huet de Poopst gesot? « Pui bambini! » Méi Kanner. E Message un all d’Fraen, fir dass se hir sou gesot biologesch natierlech Roll iwwerhuelen a Kanner maachen.

Anscheinend wier dat eng schéi Roll a si sollten net probéieren, Männer ze sinn. Do hätt de Poopst och besser gehat, näischt ze soen Hoffentlech huet keen*t sech dat verhalen, sou réckstänneg Aussoe brauch en*t wierklech net. De Kardinol hat sech jo och schonn iwwer Ofdreiwung geäussert. Kennen déi Männer w.e.g. ophalen, sech iwwer Saachen auszedrécken, déi se näischt uginn! Wiem säi Kierper? Eise Kierper!

An da last but not least, big trouble in little Luxembourg. Wärend dem Summer ass eng vun de gréissten Organisatiounen aus dem soziale Secteur an der internationaler Solidaritéit implodéiert. 61 Millioune si geklaut ginn. Esou eng Organisatioun ass anscheinend net systemrelevant, déi brauch net gerett ze ginn, net wéi d’Banke viru 17 Joer. D’Hëllef fir déi Äermst aus eiser Gesellschaft kritt och schonn e Serviceprovider ënnert den HUT. Déi aus dem Südsudan sinn ze wäit ewech,  fir dass do eppes gemaach misst ginn.

Also wat hunn dann elo de Caritas-Skandal, d’Visitt vum Poopst an de Genozid a Gaza gemeinsam? Ma si maache mech rosen an ech wënsche mer, dass nach méi Léit ëmmer méi rose ginn an ëmmer méi Stëmme sech hiewe fir ze jäizen: Ceasefire now! Wiem säi Kierper? Eise Kierper! An dass mer eis deemnächst nees an der Strooss mat Freed eis Roserei erausjäize kënnen.