Entweder et ass ee gleeweg, oder net. Oder kann een och just heiansdo gleeweg sinn? A senger Carte Blanche mécht de Serge Tonnar sech Suergen ëm dem Luc Frieden säi Glawen.

Eiser aller Här, Premier an CEO, den neie Luc Frieden: ass e gleeweg oder net? Abee: Kee weess et, souguer hie selwer net. Schonn als Spëtzekandidat vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei huet hie gesot, den C géif guer net fir eng Relioun stoen, ma fir Wäerter. Do hätten all Chrëschte scho besser gehat, d'Kräiz ze maachen, an zwar net méi dat uewen op der Lëscht vun der CSV. Op d'Fro, ob hien da géif gleewen, war seng Äntwert rezent ganz onverbindlech: heiansdo. Ma wéini ass hien et a wéini net, sou wéi et grad passt?

Carte Blanche vum Serge Tonnar

Beim Besuch vum Bëschof vu Roum war eise Luc op alle Fall bal méi helleg wéi de Poopst, deen hien a senger Priedegt an eisem Numm eng "Autorité morale mondialement reconnue" genannt huet. Also net nëmmen eng kierchlech Autoritéit, mee eng moralesch, e Virbild fir Gleeweger an Net-Gleeweger. Dee Poopst, deen Deeg virdrun zouginn hat, dass d'Kierch jorelaang Bescheed wosst vum Abbé Pierre sengen Iwwergrëff, an deen d'Kamala Harris als eng Vertriederin vum Béise betitelt, well si Puppelcher géif ëmbréngen. An eise Bëschof heescht dat gutt a streit och den Affer vu Vergewaltegung an Inzest e Recht op e Schwangerschaftsofbroch of. Sinn dat déi nei moralesch Wäerter, déi den C ersetzen?
 
Duerno huet eise Vertrieder op Äerden sech wéi eng Tut plakeg Mécke gebretzt, hie géif sech op éiweg fir déi fundamental Wäerter vun eiser Demokratie asetzen, nämlech Fridden, Nächsteléift a mënschlech Würd. Dann hunn ech wuel gedreemt, wéi seng Regierung direkt déi Äermst vun den Aarmen an Ugrëff geholl huet, géint d'Kritik vun der Zivilgesellschaft, der Justiz, der Police an, jo, souguer der Kierch.

Wat war se dann do wäert, déi mënschlech Würd?
 
Ech halluzinéiere wuel och grad, wann ech observéiere wéi d'Caritas, e chrëschtleche Veräin deen Affer vun engem Bedruch ginn ass, als Schëllegen ofgestempelt, ausgehielegt an um Altor vum Neoliberalismus geopfert gëtt. Frieden, Bettel a Co weisen eis grad mat hirem ontransparentem Gewurschtels, wéi wäit et hir ass, mat hirem Verständnis vu Baarmhäerzegkeet, wat dat Wuert Caritas bedeit.

Nächsteléift ? A wouhier!
 
Um Enn huet den neie Luc nach gepriedegt, Europa wär e Friddensprojet, deen et all Dag ze verdeedege gëllt. Wou ass dee Friddensprojet dann, a wou verdeedegt Dir deen da grad? Ass Europa net implizéiert a mat schëlleg un onzielege Konflikter? Mee wat soll et, eist Kapital profitéiert jo dovun, a mir soe "Jo an Amen". Wat mer allerdéngs verdeedegen, dat ass d'Festung Europa, wou mer, nodeems mer iwwerall op der Welt fir Chaos a Misär gesuergt hunn, den Affer vun eiser Dekadenz d'Dir op der Nues zouklaken a si de kriminelle Banden a Regimmer iwwerloossen.

Fridden, Här Frieden? Dat kënnt der Ärem Coiffeur zielen!
 
Et ginn an de Reie vun de Regierungsparteie Mënschen, déi mat all deem net averstane sinn, an déi muss een onbedéngt zu politeschem Courage opruffen. Stitt dach endlech op, a sot:

Net a mengem Numm. Ëm Gottes wëllen!