All Schoul zu Lëtzebuerg muss all 3 Joer en neie Schoulentwécklungsplang opstellen, deen eng strukturéiert a koherent pedagogesch Approche fir déi ganz Schoulgemeinschaft soll garantéieren. An der Theorie ass dëst e wonnerbaart Instrument, mat dem der Diversitéit vu Sproochen a Kulturen an eise Schoulen optimal Rechnung gedroe kéint ginn. An der Realitéit si mer awer wäit dovun ewech. 

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Eis Schoulbevëlkerung zeechent sech duerch eng enorm Diversitéit aus. Ongeféier 55% vun alle Schüler si Lëtzebuerger a 45% sinn Auslänner vu méi ewéi 140 verschidden Nationalitéiten. Nëmme ronn 1/3 vun alle Schüler schwätzen als 1. Sprooch Lëtzebuergesch doheem. Virun 10 Joer louch dësen Undeel nach ëm 50%.
D'lokal Spezifizitéite vun de Schoulen, d'Bedierfnesser vun de Schüler, d'Kollaboratioun mat der Maison relais an den Elteren a vill aner Aspekter sollen am Schoulentwécklungsplang kontinuéierlech op- an ausgebaut ginn. Jeeweils iwwer eng Dauer vun 3 Schouljoer sollen innovativ Praktiken am inner- an ausserschoulesch Beräich vum Schoulcomité oder der Lycéesdirektioun identifizéiert, weiderentwéckelt a gestäerkt ginn. All Partner an a ronderëm d'Schoul, och d'Familljen, d'Gemeng a souguer d'Veräiner solle consultéiert an agebonne ginn. De Plan de développement scolaire ass deemno en Instrument, dat zu den Erausfuerderunge vun eiser multikultureller Schoul innovativ Approche proposéiere kéint.

Kéint, well an der Praxis ass et esou, dass bei sengen obligatoreschen Aktiounsberäicher ewéi den Appui scolaire, d‘Elterenaarbecht, nei Technologien oder Schülermatbestëmmung dat interkulturellt Zesummeliewe bis viru Kuerzem ganz vergiess gi war. Weltoffen, staark, virwëtzeg a kulturell intresséiert Kanner kritt een nëmme, wann ee si adequat bei der Entwécklung vun hiren interkulturelle Kompetenzen ënnerstëtzt a begleet. Wa mer fir muer eng Gesellschaft wëllen, déi resilient ass géint Friemenhaass an Diskriminéierung, dann dierfe mer dat net dem Zoufall iwwerloossen.

Mam Gesetz vum Juli 2023 iwwert den Accueil, d'Orientéierung, d'Integratioun an d‘Ënnerstëtzung vu Schüler, déi nei op Lëtzebuerg kommen, gouf de Service intégration et accueil gegrënnt, deen auslänneschen Elteren an hire Kanner eng wichteg Orientéierung bitt. Wéi dës Kanner an hirem neien Ëmfeld opgeholl ginn, hänkt awer manner vun hinne selwer of, wéi vun hire Matschüler an dem pedagogesche Personal. Eis Kanner musse léieren, positiv mat kulturellen, physeschen a reliéisen Ënnerscheeder ëmzegoen, si musse léieren, d'Diversitéit ze schätzen an hir Loscht op aner Länner an aner Vëlker ze developpéieren. Wien Angscht virum Friemen huet ass am klenge Lëtzebuerg schlecht drun!
Leider fënnt een um Internetsite vum Educatiounsministère keng weider Recommandatioun zum Thema Gestioun vun der Diversitéit, Elterenaarbecht oder Participatioun vun de Schüler. Mee mëttlerweil huet d'Interkulturalitéit hire Wee an den Schoulentwécklungsplang fonnt. Bei den obligatoreschen Themen ass d'Entwécklung vun den interkulturelle Kompetenze vu Schüler aus engem Migratiounshannergrond bäikomm.

Moment.. et sinn also nëmme d'Migrantekanner, déi hier interkulturell Kompetenze mussen entwéckelen? An d'Lëtzebuerger Schüler net? Abee, esou geléngt et eis awer sécher net, de Schoulsystem, d'Schüler, d'Léierpersonal an all ddi aner Acteuren mat der gesellschaftlecher Realitéit am Land an Aklang ze bréngen.