Firwat sinn d'Walen an den USA och fir Europa esou wichteg?

De François Bausch ass der Meenung, dass an den USA am November eng Richtungswal bevirsteet, déi och fir Europa an domat fir Lëtzebuerg stark Konsequenze kann hunn, am positiven oder am negativen.
An Amerika gëtt de 05. November gewielt.
Zur Auswiel stinn op der enger Säit, eng gesellschaftlech Visioun, wou Recht, Gerechtegkeet a Fridden méiglech kënne ginn, en Amerika, wat demokratesch Wäerter verdeedegt, wou Fraen a Männer gläich Rechter sollen hunn a respektvoll mateneen ëmginn, a wou laang erkämpfte Fraerechter net a Fro gestallt gin.
En Amerika wou Rassismus an Ausgrenzung keng Plaz sollen hunn!
Op där anerer Säit, eng Visioun vu Gesellschaft, wou déi Superräich nach méi zerwéiert solle ginn, wou ze fäerten ass, dass Haass a Rassismus zur Normalitéit gin, wou Minoritéite kënnen ausgegrenzt gin, wou de Rechtsstaat an Demokratie net respektéiert ginn, wou Ligen an alternativ Fakten normal sinn, wou d'Selbstbestëmmungsrecht vu Fraen zur Dispositioun gestallt gëtt.
De 5. November ass deemno eng Richtungswal an Amerika. Wann d'Kamala Harris gewënnt, da kann dat an eiser komplizéierter an opgewullter Welt zu enger positiver Ausriichtung féieren. Och wann domat net automatesch all Ongerechtegkeeten an Ausgrenzunge verschwanne géifen, esou versprécht dës Richtung mindestens sech duerfir anzesetzen, fir dogéint virzegoen.
Et wär awer virun allem e Vote vum amerikanesche Vollek fir e Land ouni Ausgrenzung a fir méi Gerechtegkeet!
Wann den Donald Trump gewielt gëtt, da gewënnt deen, dee virun 4 Joer den demokratesche Vott vum Vollek net wollt acceptéieren, an deen dowéinst och näischt géint e gewalttätege Mob ënnerholl huet, deen no der Wal d’Parlament gestiermt huet. Da gewënnt mat him eng gesellschaftlech Tendenz, déi d'Rad vun der Geschicht wëll zeréckdréinen.
4 Joer onstabil a chaotesch Verhältnisser, dat wier net nëmme schlecht fir Amerika, mee och fir de Rescht vun der Welt. Et ass sech net auszedenken, wat dëst fir déi international, respektiv transatlantesch Zesummenaarbecht insgesamt bedeit.
Europa ass weder virbereet fir esou eng Situatioun, nach kënnen mer eis et an der globaliséiert Welt leeschten, grad elo de wichtegste Partner an enger Allianz fir d’Verdeedegung vun demokratesche Wäerter ze verléieren.
Déi wirtschaftlech a sozial Konsequenze wieren desastréis.
Duerfir kënne mer nëmmen hoffen, dass dat amerikanescht Vollek sech de 5. November net vum Trumpismus verféiere léisst an dass d'Kamala Harris dës Wal gewënnt.
Wann dëst klappt, da kann d'Weltgemeinschaft mindestens e bëssen opootmen an doriwwer eraus wier et och nach e formidabelt Zeechen, wann déi éischt schwaarz Fra zur éischter Presidentin vun Amerika géing ginn.