ASBL oder SIS?

Wat ass déi richteg Struktur fir grouss Déngschtleeschtungsservicer mat sozialem Impakt zu Lëtzebuerg.
Société d'Impact Sociétalen – sougenannt SISen – gewannen zu Lëtzebuerg ëmmer méi u Bedeitung, stinn awer dacks nach am Schiet vum méi bekannten ASBL-Modell. An dëser Carte Blanche geet d'Pascale Engel op déi eenzegaarteg Charakteristike vum SIS-Modell an a sengem Potenzial, sozialen Impakt op eng transparent Manéier virunzedreiwen.
De Skandal ronderëm d'Caritas huet vill Leit zu Lëtzebuerg zum Nodenke bruecht. Dobäi geet et an éischter Linn ëm de Verloscht vun iwwert 60 Milliounen Euro, mä och ëm d'Fro, wéi grouss Organisatiounen, déi sozial Déngschter fir de Staat oder d'Gemenge leeschten, gereegelt sollte sinn.
D'Caritas war eng vun de gréisste sozialen Organisatiounen am Land an huet no dem Rechtsmodell vun enger ASBL –enger Association Sans But Lucratif – operéiert, déi zanter 1928 zu Lëtzebuerg gesetzlech verankert sinn. Zënter 2016 gëtt et zu Lëtzebuerg awer och e legale Kader fir sougenannt SISen - Société d'Impact Sociétalen. SISe verfollegen, genee wéi vill ASBLen, d'Zil vu sozialem Impakt, ouni Gewënn fir d'Aktionären.
Historesch bedéngt sinn d'ASBLen zu Lëtzebuerg de gängege legale Kader fir Organisatiounen, déi fir dat allgemengt Wuel schaffen. Dëse Kader erlaabt Veräiner an Hëllefsorganisatiounen, ouni Profit-Interesse fir hier Memberen ze agéieren an d'Wuel vun der Gesellschaft an de Mëttelpunkt ze stellen. Vill Organisatioune funktionéiere ganz erfollegräich ënnert dësem Modell a leeschten e wichtege Bäitrag zur sozialer Kohäsioun. Mee wann esou Organisatioune wuessen an ufänken, mat Milliounebeträg am zweestellege Beräich ze schaffen, stellt sech d'Fro, ob den ASBL-Kader nach ëmmer dee Richtegen ass oder, ob en a gewësse Situatiounen un seng Grenze stéisst.
Hei kéint de SIS-Modell eng interessant Alternativ duerstellen. Dëse gouf speziell fir sozial Entreprisen entwéckelt, déi ee sozialen Impakt als Haaptzil verfollegen a finanziell nohalteg schaffen, andeems potenziell Gewënner reinvestéiert ginn, fir déi sozial Missioun vun der Gesellschaft ze ënnerstëtzen. D'Gouvernance- Struktur an d'Finanze vun enger SIS si streng reglementéiert a kontrolléiert. Aner zentral Ënnerscheeder zu ASBLe sinn d'Obligatioun vu reegelméissege Sozialen - Impakt Rapporten un de Staat, déi dokumentéiere wéi d'SIS hir sozial Ziler erreecht huet, an ee fixéierte legale Plaffong op d'Salairen oder aner Remuneratiounen, déi dierfen ausbezuelt ginn. De SIS-Modell soll sécherstellen, datt d'Organisatiounen hir sozial Missioun als Haaptzil verfollegen, fir e positiven Impakt op d'Gesellschaft ze hunn.
D'Lëtzebuerger Regierung huet vill Efforte gemaach, fir de SIS-Modell ze entwéckelen a virunzedreiwen. Mee bis elo ass dëse Modell nach net sou richteg bekannt. Vläicht wier et un der Zäit, dëse Modell méi staark an de Fokus ze réckelen, besonnesch wann et ëm grouss sozial Déngschtleeschtungsservicer geet.
Dës Iwwerleeunge sollen net den ASBL-Modell a Fro stelle – deen huet sech iwwer vill Jore bewisen. Mee grad elo, an enger Zäit, wou d'Vertrauen a Sozial-Impakt-Organisatiounen ugeschloen ass, kéint et sech lounen, och iwwer aner Modeller nozedenken. Den SIS-Modell bitt eng Alternativ, déi op Transparenz an der Verwaltung an dem sozialen Impakt setzt. Ob dëse Wee fir grouss sozial Organisatiounen zu Lëtzebuerg de richtegen ass, bleift op, mee et wier eng Iwwerleeung wäert.