D'Verdeedegung als neie Wirtschaftspilier
E Freideg sinn 80 nei Arméi-Gefierer presentéiert ginn. Bis 2030 wäerte sech d'Lëtzebuerger Defenseausgabe verduebelen. Wéi kréie mir et hin, dass en Deel vun dësen Ausgaben der nationaler Wirtschaft zegutt kënnt? Eng Carte Blanche vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.
Am Budgetsprojet fir 2025, deen e Mëttwoch am Parlament virgestallt gouf, si ronn 800 Milliounen Euro fir d’Verdeedegung virgesinn. Dëst si knapp 100 Millioune méi par rapport zu dësem Joer. An den nächste 5 Joer soll den „effort de défense“ op 2% vum Revenu National Brut eropgoen, fir ee järleche Betrag vun 1,5 Milliarden Euro ze iwwerschreiden.
Op esou Ausgabe géif ee jo am léifste verzichten, mee dat ass an der aktueller weltwäiter Sécherheetslag net méi méiglech. Lëtzebuerg muss sech also solidaresch un deem internationalen Effort bedeelegen, fir sengen Nato-Verpflichtungen nozekommen. Do sollte mir allerdéngs Uecht ginn, dass ee groussen Deel vun de Steiersuen, déi an
d’Verdeedegung investéiert ginn, direkt oder indirekt an eis Wirtschaft fléissen. Esou gëtt dat och systematesch an den anere Länner gemaach. Momentan fléisst de Gros vun de Lëtzebuerger Suen awer direkt an d’Ausland, well Produkter, wéi zum Beispill blendéiert oder taktesch Gefierer, integral mussen importéiert ginn.
Et ginn awer och eng Rei Secteuren a Betriber, déi Produkter an Déngschtleeschtungen am Beräich Defense um lokale Marché ubidde kënnen. Dacks sinn dat Saachen, déi ënnert de sougenannten „Dual-Use“ falen, dat heescht si kënne souwuel fir zivil, wéi och fir militäresch Zwecker benotzt ginn. D’Potenzial, fir méi ze maachen, ass do, an d’Opportunitéiten an deem Sënn sollten esou breet ewéi méiglech benotzt ginn, fir dass och Lëtzebuerg sech hei ee
spierbaren „retour sur investissement“ séchert.
Zu dësen Opportunitéite gehéiert zum Beispill de Beräich Cybersécherheet. Et ginn ongeféier 1200 Cyberattacke pro Woch op eist Land. Mir mussen also zukünfteg op esou Ugrëffer gutt virbereet sinn. Mir verfügen och iwwert eng zolidd Basis beim Stockage vun Daten, bei der Benotzung vu kënschtlecher Intelligenz oder bei de Satellitte-Kapazitéiten. Vill Fuerschung gëtt och zum Beispill beim Material fir d‘Aviatioun bedriwwen. Mir sollten d‘Innovatioun an all
dëse Beräicher weiderhin ënnerstëtzen an ausbauen, a gläichzäiteg nei Aktivitéiten op
Lëtzebuerg unzéien.
Fir de Finanzement kënne mir op déi laangjäreg Erfarung an den Innovatiounsgeescht vun eisem Finanzsecteur zréckgräifen. Eng Iddi kéint och sinn, ee Verdeedegungsfong ze schafen, eventuell vu privaten Investisseuren a vum Staat dotéiert. Zil wier et, auslännesch Technologie-Betriber aus dem Defensesecteur op Lëtzebuerg unzezéien. Hir Produkter an Technologië kéinten da vum Lëtzebuerger Staat kaaft ginn, an dës Ausgabe kéinten dann als Nato-Effort ugerechent ginn.
Als Chambre de Commerce wëlle mir d‘Entreprisë jiddefalls op dësem Wee begleeden, a Kontakter op Wirtschaftsmissiounen a spezialiséierte Foirë schléissen. Déi nächst Geleeënheet gëtt et Enn Oktober op enger Wirtschaftsmissioun am Kanada. Sécherheet a wirtschaftlech Entwécklunge mussen hei Hand an Hand goen.