25 Geisele festgehalenArméierter stierme Bank zu Neapel a flüchten duerch ënnerierdeschen Tunnel

AFP, iwwersat vun RTL
Matten an Neapel hunn Arméierter eng Bank gestiermt a 25 Leit festgehalen. Nodeems si d'Coffre-forte geplëmmt haten, si si ouni Spuer verschwonnen - warscheinlech duerch en ënnerierdeschen Tunnel.
Arméierter stierme Bank zu Neapel a flüchten iwwer ënnerierdeschen Tunnel
Matten an Neapel hunn Arméierter eng Bank gestiermt a 25 Leit festgehalen. Nodeems si d’Coffre-forte geplëmmt haten, si si ouni Spuer verschwonnen.

En arméierte Grupp ass en Donneschdeg am Nomëtteg mat Gewalt an eng Bankfilial am Zentrum vun Neapel agedrongen an huet do Dosende Coffre-forte geplëmmt. Wärend dem Iwwerfall hunn déi maskéiert Täter eng 25 Leit zwou Stonne laang als Geisele geholl.

Éischten Erkenntnisser no waren et dräi Bankraiber, déi an d’Filial agedronge sinn. Clienten a Mataarbechter goufen an engem Raum zesummegedriwwen a mat Schosswaffe menacéiert. Wärenddeem hunn déi aner Täter d’Coffre-forte vun der Bank opgebrach.

Täter wuel duerch ënnerierdeschen Tunnel geflücht

E Passant hat d’Police alarméiert, nodeems him verdächteg Beweegungen an der Bank opgefall waren. D’Beamten hunn doropshin d’Ëmfeld am Zentrum vun der Stad ofgespaart an d’Gebai ëmstallt. Kuerz drop ass et der Police dunn och gelongen, d’Geiselen no an no a Sécherheet ze bréngen. Blesséiert gouf keen, verschidde Leit goufen awer wéinst dem Schock medezinesch behandelt.

Wéi Spezialunitéiten d’Filial gestiermt hunn, waren d’Täter scho fort - warscheinlech si si duerch en ënnerierdeschen Tunnel geflücht. D’Ermëttler gi vun enger Verbindung zum Ofwaassersystem aus.

Wéi vill d’Raiber geklaut hunn, ass nach net genee gewosst. En Donneschdeg den Owend hate sech sëllege Betraffener virun der Bank versammelt, fir Informatiounen ze kréien. D’Stëmmung op der Plaz war zäitweis ugespaant.

Back to Top
CIM LOGO