Lëtzebuerg muss sech endlech seriö Gedanke maachen iwwert d’politesch Inklusioun vu Leit, déi net déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn, fënnt d’Schrëftstellerin Elise Schmit.

Carte Blanche vum Elise Schmit

An eisem politesche System gëtt et Leit, déi ausgeschloss sinn, also Leit, déi kee Walrecht hunn. Si mussen hoffen, dass dir an ech si net vergiessen oder iwwerginn, wa mer Decisiounen huelen. Kanner zum Beispill. Oder Leit ouni Pass. Oder Leit, déi zwar e Pass hunn, awer kee Lëtzebuergeschen. Där ginn et zu Lëtzebuerg vill, den Ament eppes méi wéi 47 Prozent [1], net grad d’Halschecht vun der Bevëlkerung. Zu Lëtzebuerg decidéiert also ongeféier eng Halschecht vun de Leit iwwert déi aner. Ass dat nach eng Demokratie? A wann de Rapport bis kippt an et, soe mer: 49 Prozent mat Walrecht sinn an 51 ouni, ass et dann nach eng?
 
2015 huet e Referendum gefrot, ob ënnert gewësse strenge Konditioune Leit mat engem auslännesche Pass bei den Nationalwale sollten d’Walrecht kréien. [2] Mir goufen also gefrot, déi meescht vun Iech an ech, ob mir en Deel vun eisem politesche Pouvoir wéilten ofginn. Déi meescht vun eis [3] soten Nee. [4] Dat wonnert mech net. Et kënnt an der Geschicht meeschtens net vir, dass déi, déi um Pouvoir sinn, dee Pouvoir mat aneren deelen, op d’mannst net, ouni dass een hinnen eng Guillotine an de Virgäertche stellt. Déi, déi de Pouvoir hunn, bleiwe meeschtens einfach emol drop sëtzen.
 
Nennt mech naiv, mee ech hoffen trotzdeem, dass mer et eescht menge mat der Demokratie als deem Staatssystem, bei deem et op Inklusioun, op Matsprooch a Matbedeelegung vu méiglechst ville Leit ukënnt, och wann dat dacks laang a schwiereg Entscheedungsprozesser mat sech bréngt. Firwat ass den demographesche Wandel zu Lëtzebuerg an der Politik keen Theema? Wat ass de Plang vun der Regierung fir dee Moment, wou et méi Leit ouni Lëtzebuerger Pass gëtt wéi Leit mat?
 
Et gëtt héich Zäit, dat Theema nees an den ëffentleche Raum ze bréngen, am beschte mat engem neie Referendum. Esou wier d’Politik forcéiert, Positioun ze bezéien an de Leit ze erklären, wourëms et geet. Esou kéinten och all déi walberechtegt Leit, déi dat wëllen, sech mat hirem Vott ausdrécklech zur Demokratie bekennen.

Natierlech wäerten nees déi eng soen: Dat do wollte mir scho laang, mee et huet nees keen op eis gelauschtert. An déi aner soen: Am Prinzip si mer jo dofir, mee d’Fro ass iergendwéi kromm formuléiert an dofir musse mer de Referendum leider sabotéieren. An nach anerer soen: Auslännerwalrecht just, wann d’Auslänner mol richteg léiere Kniddele kachen. Dir wësst jo, wéi dat ofleeft. Mee do musse mer doduerch. Einfach de Kapp an de Sand stiechen a weiderhin eng Demokratie just simuléieren: Dofir sinn ech op alle Fall net. An Dir?


[1]Cf. https://statistiques.public.lu/fr/publications/series/luxembourg-en-chiffres/2024/luxembourg-en-chiffres-2024.html (Link fir d’Lescht opgeruff de 15.10.2024).

[2]Just um Rand: Et goung emol net dorëms, ob si sech selwer fir d’Walen dierften opstellen.

[3]Ech hunn allerdéngs net: https://www.virgule.lu/luxembourg/la-culture-s-engage-pour-le-vote-des-etrangers/191600.html (Link fir d’Lescht opgeruff de 15.10.2024).

[4]Mat Jo hunn deemools 21,98 % gestëmmt, mat Nee: 78,02 %.