Aner Kulturen aner Mënschen - de Marc Hostert ass eng Erfarung méi räich. Ka Japan eis beim Zesummeliewe villäicht inspiréieren?

Tokio ass eng Erfarung fir sech; eng Stad mat der gréissten Agglomeratioun vun der Welt mat méi wéi 41 Milliounen Awunner. 10 Millioune Passagéier pro Dag fueren an deene verschiddene Metroe vun e puer ënnerschiddleche Firmen.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Opfalend, fir eis Europäer, ass déi perfekt Organisatioun, Propretéit an de Respekt an Discipline, déi den Eenzelen am Alldag entgéint bruecht gëtt. Dës Attributer kënne sécherlech eng Conter-Partie an der japanescher Gesellschaft hunn.
Impressionnant ass et a bleift et, wéi an dëser Agglomeratioun mat enger Awunnerzuel, déi bal esou grouss wei ganz Spuenien ass, Leit an der Ëffentlechkeet mateneen ëmginn.

Dëse Summer hat ech Chance nach grouss aner Qualitéite vun de Japaner däerfe kennen ze leieren, nämlech de Respekt virun der Proprietéit an hir Zivilitéit deemno de Respekt vun de Reegele vum Savoir-vivre a besonnesch vun de Reegele vum zesumme liewen.

Am Metro zu Tokio ass mer e Mëssel geschitt. Ech hu mäin Handy vun enger amerikanescher Premium Mark am Metro verluer. Dëst ass duebel penibel, well op Reesen huet ee jo déi mécht Dokumenter, déi ee brauch um Handy an donieft brauch ee säin Handy, fir sech ze orientéieren.

Als Reflex sinn ech an der nächster Metrosstatioun an de "Lost and Found" gaangen. Hei gouf eng ganz genau Deklaratioun gemaach mat der Beschreiwung vum Handy, ob nach Kaarten derbäi sinn, Beschreiwung vun der Hüls a meng Koordinaten. Donieft sinn ech gefrot ginn, a wat fir engem Waggon vu wat fir enger Linn mir souzen, den Ament wou ech mengen, datt ech den Handy verluer hunn.

Op Basis vun der Beschreiwung ass an dem Waggon, wou mer souzen op enger nächster Statioun nom Handy gesicht ginn. Leider gouf en net fonnt.

Ëm 5 Auer moies den Dag drop krut ech eng Mail, dass warscheinlech mäin Handy fonnt gouf an an den “Lost and Found” bruecht gouf.

Nodeems, ech mech duerch eng Abberzuel vu Prozedure mat Hëllef vu Frënn duerchgewullt hat, krut ech mäin Handy komplett a ganz zeréck.

Ech soen dem éierleche Mënsch de méin Handy ofginn huet e grousse Merci, awer si perplex an erstaunt, dass an esou enger grousser Agglomeratioun de ganze System vum "Lost and Found" esou optimal funktionéiert duerch de Bierger hirer Zivilitéit, Zivismus a Solidaritéit an de Firmen hirer Organisatioun.

Dëst ass e Beispill vum zesumme Liewen, dat senges Gläiche sicht a kéint bestëmmt a Beispill fir d’Inspiratioun sinn.