Lëtzebuergesch als 25. EU-Sprooch

© RTL-Grafik
Déi lescht Woch ass vill iwwer d’Lëtzebuergesch als Sprooch vun der Europäescher Unioun diskutéiert ginn. Als Soziolinguist a Kenner vun onser Sproochegeschicht wollt de Fernand Fehlen och säi Pefferkär dozou bäidroen.
Vun der EU-Säit hier ass alles Kloer: “United in diversity“, dat ass säit 2000 hire Motto, deen een a 24 Sproochen op hirem Site noliese kann. All Memberstaat soll déi selwecht Rechter hunn, jidderee soll sech a senger Landessprooch u Bréissel wende kënnen. Méisproochegkeet ass net nëmme Viraussetzung vum géigesäitege Verstoen, si hëlleft kulturell Virurteeler ofbauen a soll de Respekt vun der nationaler Souveränitéit vun den eenzelne Staaten ausdrécken,[1] genausou wéi z. B. déi iwwerproportional Representatioun vun de klenge Staaten am EU-Parlament. Dee ganze Sproochenzirkus kascht een Espresso pro Joer a pro Awunner bzw. Awunnerin. An dat ass ee klenge Luxus, deen een sech leeschte soll.
D’Lëtzebuerger Vue ass eng aner: Wéi d’Virgängerorganisatioun vun der EU 1957 gegrënnt ginn ass, hat Lëtzebuergesch nach keen offizielle Statut. Op nationalem Niveau ass et eréischt 1984 duerch e Gesetz als Sprooch unerkannt ginn. Dat war reng symbolesch, mee et war e gudde Coup de Pouce fir seng Weiderentwécklung. Et huet bis 2018 gebraucht, bis mer en éierbaart Gesetz mat enger proaktiver Strategie fir seng Promotioun kritt hunn.[2] Eng vun de Mesurë gesäit vir, datt d’Regierung mat der EU en „arrangement administratif“ fir eng Unerkennung vu Lëtzebuergesch um europäeschen Niveau fënnt. Säit 2005 läit iwwregens esou e Modell um Dësch, fir Lëtzebuergesch zu enger sougenannter „langue officielle tacite“ ze maachen. Et kann een et am Archiv vun der Zäitschrëft Forum noliesen.[3] En interessante Präzedenzfall ass d’Iresch, dat 1973 beim Bäitrëtt direkt en änleche Statut kritt huet a spéider, vun 2007 bis 2022, zu enger richteger EU-Aarbechtssprooch ausgebaut ginn ass.[4]
Onse Premier seet, datt seng Rieden op Englesch méi Poids hunn, wéi wann se aus dem Lëtzebuergeschen iwwersat géifen. Mee et wëllt jo keen him virschreiwen wéi e schwätze soll.
Mir all musse verstoen, dat Sprooch net nëmme Kommunikatioun ass, si ass och Kultur an Identitéit. A Lëtzebuerg ass net nëmmen ee Wirtschaftsstanduert, deen sech am einfachsten op Englesch verkafe léisst.
[1] https://data.europa.eu/doi/10.2775/67102
[2] https://pdffox.com/strategie-fir-dpromotioun-vun-der-ltzebuerger-sprooch-pdf-free.html
[3] https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2015/11/5397_252_Berg.pdf
[4] https://commission.europa.eu/news/irish-now-same-level-other-official-eu-languages-2022-01-03_en
https://eur-lex.europa.eu/legal-content/EN/TXT/PDF/?uri=CELEX:52021DC0315