Begruewen oder verbrennen?

D’Fro vum Doud beschäftegt eis ugangs November. Allerhellegen an Allerséilen gi vill Leit op d’Griewer bei hir Verstuerwen.
Fir jidderee stellt sech och d’Fro: Wéi soll mäin Ofliewen an dat, wat onmëttelbar duerno kënnt, organiséiert ginn? Iwwerleeungen dozou an enger Carte blanche vum Georges Hellinghausen.
Begruewen oder verbrennen – an de Buedem leeën oder als Äschen an eng Urn oder gestreet? Déi Fro kënnt onweigerlech op jiddereen duer. Fréier, wéi et just eng Bestattungsaart gouf, war dat méi einfach. An enger pluralistescher Gesellschaft pluraliséiert sech och Stierwen a Begruewen.
D’Krematioun ass bei wäitem haut majoritär. Wéi dee Succès erklären? „Dat ass méi hygienesch“, gëtt gesot, oder „méi modern“. „Ech wëll net vun de Wierm gefriess ginn“, soen anerer. Et geet alles vill méi séier. An déi sech streeë loossen, soen: „Ech wëll net, dass meng Famill herno mat mer geplot ass.“ Oder: „Ech hu keen, deen no mengem Graf géing kucken.“ D’Argumenter si kuerz a bündeg, esou wéi d’Prozedur.
Eng Enquête a Frankräich zielt op, wat d’Protagoniste vum Begriefnes als Argumenter uféieren. Wann op enger Plaz meng Leit begruewe sinn, da bleift déi Verbindung mat mir méi intensiv, fir datt ech den Deuil maache kann. Op de Kierfecht goen a mat deene schwätzen, déi hinne léif waren – vill Leit maachen dat. Äsche soen näischt aus iwwer eng Persoun. De Kierper, och wann e sech dekomposéiert, behält seng ADN. Ech kann nach soen, an dat ass mënschlech uréierend: „Hei läit mäi Papp. Hei läit eis Mamm.“ E Gefill vu Presenz bleift, dat Familljen a Frënn déi Zäit léisst, déi se brauchen, fir d’Trennung ze akzeptéieren. De Kierper manifestéiert d’Geschicht an den eenzegaartege Charakter vum Verstuerwenen. Mat der Krematioun verschwënnt de Läif vun der Persoun total, brutal a ganz séier. D’Feele vum Verstuerwenen gëtt nach méi radikal empfonnt.
Ass Begruewen net och zréckgeholl ginn an de Kreeslaf vun der Natur, do wou mer hierkommen? Aus ierdescher Matière si mer entstan an erugewuess, dohinner nees zréck léich an enger gewësser Logik. „Staub bist du, und zum Staub kehrst du zurück“, seet e biblesche Saz.
À propos! D’Kierch huet zënter 1964 d‘Krematioun fir hir Memberen erlaabt. Firwat net virdrun? Besonnesch well am 19. Jh. d’Partisanen dervu staark antiklerikal Positiounen affichéiert hunn. D’Kierch gëtt och haut nach dem Begruewen d’Preferenz: Et leet een de Kierper an d’Äerd, esou wéi Christus an d‘Graf geluecht ginn ass.
Eng lescht Fro: Huet dës reliéis Preferenz fir d’Begriefnes eppes ze di mam Operstoe vun den Doudegen? Net eigentlech. Operstoe versteet sech als neigeschafe ginn, woubäi besteeënd Relatioune weiderbestinn.
Wat um Enn zielt, an dat gëllt fir jiddereen, ass de Respekt vun der Dignitéit a vun der Eenzegaartegkeet vum Verstuerwenen.
Georges Hellinghausen