
Viru bal engem Joer ass d’Gesetz fir d’interkulturellt Zesummeliewen a Kraaft getrueden. Dëst Gesetz gesäit ganz konkret Instrumenter vir, fir d’interkulturellt Zesummeliewen, d’Biergerbedeelegung ze ënnerstëtzen, den Zougang zu Informatioun, fir jiddereen ze garantéieren an effektiv géint Diskriminéierung a Rassismus virzegoen. Mat senge villen Ambitioune stellt dëst Gesetz e wichtege Schratt duer a baut op enger staarker Zesummenaarbecht mat de Gemengen an der aktiver Mobiliséierung vun de Bierger op. Donieft huet de Familljeminister an de LISER viru knapp 2 Wochen eng nei Studie iwwert d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg ugekënnegt.
Alles positiv Initiativen an trotzdeem kann ech et net loossen ze denken, datt déi déifgräifend Hindernisser, déi dem interkulturellen Zesummeliewen am Wee stinn, sech effektiv just verstäerken a vun enger vill méi struktureller Natur sinn.
Aktiv matzemaachen benéidegt net nëmme gudde Wëllen, mä och materiell a zäitlech Ressourcen. Prekaritéit, Iwwerlaaschtungen doheem an op der Aarbecht, onflexibel Aarbechtszäiten, laang Strecke fir op d’Aarbecht oder eng schlecht Wunnsituatioun féieren dacks zu enger kierperlecher a psychescher Erschëpfung. Dat gesäit ee besonnesch bei Leit, déi an ënnerbewäerte Beruffssecteure schaffen. Fir déi Bierger bleift wéineg Energie iwwreg, fir aktiv um interkulturellen Zesummeliewen deelzehuelen, zumindest esou wéi d’Regierung sech dat virstellt.
De Benevolat, d’Biergerbedeelegung an d’aktiivt Matmaachen a senger Gemeng kënnen also schnell zu engem Privileeg fir déi ginn, déi sech eng Nanny leeschte kënnen, déi doheem net selwer botze mussen, déi de Kierper net wéi hunn, déi sech legitim genuch fillen oder ganz einfach déi, déi net midd sinn. Zu Lëtzebuerg ginn déi 3D Aarbechtsplazen - dirty, dangerous an demeaning - awer haaptsächlech vun net-Lëtzebuerger besat, also genee déi Zilgrupp déi een am meeschten abanne wéilt.
Et schéngt wichteg, d’Thema vun der sozialer Gerechtegkeet an de Mëttelpunkt vun eiser Reflexioun ze stellen, wa mer wierklech vun interkulturellem Zesummeliewe wëlle schwätzen. Nieft dem legale Kader, dee geschaaft ginn ass, musse mer also gutt Liewens- an Aarbechtsbedéngungen, fir all Bierger erzielen. Dat bedeit, d’Roll vun de Gewerkschaften ze stäerken, anstatt a Fro ze stellen, d’kleng Léin ze erhéijen a sech seriö mam Thema Alternarmut auserneen ze setzen, anstatt un d’Pensioune ze goen, de Leit de Sonnden ze gënnen, fir dass se Zäit hu fir zesummenzekommen, anstatt Sonndesaarbecht ze normaliséieren, awer och den ONGen, déi am Alldag direkt mat de Konsequenze vun den Ongläichheeten um Terrain konfrontéiert sinn, eng zentral Roll zouzegestoen, anstatt se just als Déngschtleeschter ze gesinn. Soulaang d’Schéier vun den Ongläichheeten nämlech weider opgeet, kéint all anere Effort fir d’Kaz sinn.