Nohalteg Baukultur a resilient Liewesqualitéit

Liewensqualitéit kann net vun uewen diktéiert ginn, mä baséiert op gemeinsamen, geliefte Wäerter. Den Akt vum Baue selwer ass déi stäerkst Konkretisatioun vun dëse Wäerter.
Am Juni 2024 ware méi wéi 800 interesséiert Leit an der Philharmonie fir d'Remise vum Bauhärepräis OAI. Béi der Editioun am September 2020, déi éischt grouss ëffentlecht Manifestatioun nom Enn vun dem 1. Confinement an der Covid-Pandemie, hate mir all vill gutt Virsetz.
Hu mir säitdeem déi richteg Lektioune geléiert?
Déi rezent Krisen hu kloer gewisen, datt mir e System brauchen, deen eis Ressourcen, eis Aarbecht an eis Kultur richteg valoriséiert, baséiert op dem reelle Méiwäert fir eist Zesummeliewen.
Also nom Motto: gutt, propper, regional, zum faire Präis.
Hunn d'Krisen eis Sënner genuch geschäerft, fir ze wëssen, wat falsch ass a fir ze spieren, wat e fairt Zesummeliewe brauch?
Wa mir elo eppes geléiert hunn, dann ass et dëst: den iwwerbewäerten Ausdrock:
"Et ass onméiglech, et gëtt keng Alternativ ass meeschtens falsch. Alles ass méiglech."
D'Covid-Kris huet dat gewisen.
Firwat brauche mir e resilient Liewensëmfeld?
Fir de Willy Brandt ze zitéieren: "Et kann een ni sou komplizéiert denken, wéi et op eemol kënnt."
Dofir muss d'Kultur vum Vertrauen am Mëttelpunkt vun all eise Relatioune stoen, andeems een d'Judicarisatioun an den exzessiven administrative Carcan vermeit.
Mir mussen d'Barrièrë vun eisem eegene Mësstrauen iwwerwannen.
Liewensqualitéit kann net vun uewen diktéiert ginn, mä baséiert op gemeinsame geliefte Wäerter.
Den Akt vum Baue selwer ass déi stäerkst Konkretisatioun vun dëse Wäerter. Loosst eis de Bauhären an hire Konzepteuren d'Fräiheet an d'Loscht zréckginn, fir eis Welt ze kreéieren.
Dofir brauche mir eng gutt detailléiert Planung, déi op Laangfristegkeet baséiert, vun onofhängege Planer, am Dialog mat de Bauhären, den Administratiounen a de Bierger.
An dem Kontext ass et essentiel, am aktuelle Projet de loi 7932, fir dat neit Gesetz iwwer den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils de Prinzip vun der Onofhängegkeet a fräier Beruffsausübung ze verankeren. Domat kënnen Architekten an Ingenieure, ouni Interessekonflikter, déi bescht Léisunge fir eist Zesummeliewen entwéckelen.
Wie baut, baut fir ons all!