Wärend verschiddentlech dofir plaidéiert gëtt, dass ons Wirtschaft soll schrumpfen oder op der Plaz soll trëppelen, fille sech déi allermeescht politesch, sozial a wirtschaftlech Entscheedungsdréier an Europa uerg erausgefuerdert fir eise Wuelstand z’erhalen.

Carte blanche Rene Winkin

Dräi Megatendenzen fuerderen eis momentan raus:

1. Déi nei geopolitesch Realitéiten, mat Instabilitéit, Konflikter an engem Hang zur Deglobaliséierung, 
2. den technologesche Fortschrëtt gedriwwen duerch Digitaliséierung an neierdéngs déi kënschtlech Intelligenz an
3. den Nohaltegkeetsagenda diktéiert duerch Klimawandel, Ressourceknappheet, Wäerter an eng Hellewull nei Gesetzer a Reegelen dozou.

Dës Megatendenze maachen dacks dass d’Kaarten nei gemëscht ginn. A wann d’Kaarten nei gemëscht ginn, dann ass dat net zum Virdeel vun deem dee bis ewell engt gutt Blat an der Hand hat.

Am Automobilsecteur hat Europa laang Konter a Mitt an Tromp-Ass am Grapp a war dominant. Di digitaliséiert Elektromobilitéit huet komplett nei Player ervirbruecht, mat Konsequenze fir Produktioun a Beschäftegung bei eis.
Bei der Energieversuergung hu mir laang op riseg Kuelereserven an duerno op Atomstroum an op russesche Gas gesat, fir bëllege Stroum ze hunn, ëmmer da wann e gebraucht gouf. An de kommende Jore sollen all déi fossil Stroumproduktiounen verschwannen an de Pëtrol, eis gréisst Energiequell, soll gläichzäiteg duerch vill zousätzleche Stroum ersat ginn. Puer EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, wëllen och nach, dass bei deem Kraaftakt op stabil Atomenergie verzicht gëtt.

Kloer, dass dann d‘Verfügbarkeet an dynamesch Stroumtariffer vu Wand a Sonn ofhänken. Dass energieintensiv Basis-Industrien deem deiere Wandel an Europa zur Zäit mat méi Fragezeiche wéi Determinatioun begéinen, wie wonnert et?
Op der Aarbecht mierke mir, wéi dës duerch Automatiséierung, Digitaliséierung a KI ännert. Di verbessert Produktivitéit mécht och Sënn bei réckleefeger Demographie. Ma déi nei Technologien ginn och skeptesch gekuckt, well si eist Liewen staark beaflossen an nei Kompetenzen erfuerderen.
 
Et muss ee Scheiklappen op den Aen hu fir net matzekréien, wéi hefteg a wéi séier dës nei Aflëss op ons Ekonomie wierken a wéi hëlleflos elo scho verschidde Regierungen do stinn, wann si inevitabel Effekter wëlle refuséieren oder mussen ausbigelen.

Grad wéi an der Pandemie sollte mir dësen neien Erausfuerderungen awer positiv a couragéiert begéinen, amplaz se stuer z‘ignoréieren, besonnesch well si, contrairement zur COVID-Alerte, net no 2-3 Joer verschwannen.

Mir all a besonnesch d’Entreprisë sollten d’Opportunitéite vun deem Wandel besser a méi séier notzen.

An et läit un der Politik, fir den Encadrement vum Wandel hei an Europa wesentlech besser ze gestalten. De fréieren Zentralbankchef Mario Draghi huet rezent vill gutt Recommandatiounen an deem Sënn presentéiert. 
 
Haut gesinn sech d’EU-Staats- a Regierungs-Cheffen informell zu Budapest. Kompetitivitéit ass um Agenda a si kruten de Wake-up call vum Draghi. Politiker kënnen ee stéckwäit beaflossen, ob mir déi erausfuerderend Megatendenzen am Sënn vu Croissance a sozialem Wuelstand uginn oder net. En Cas d‘Echec bleift hinnen ëmmerhin nach den Trouscht, dass si de Supporter vun der Decroissance ee Gefale konnte maachen.