Zuelen iwwert d'Walbedeelegung, déi wichteg Froen iwwer eis Demokratie opwerfen

D’Zuel vun den Auslänner, déi sech fir d’Gemengewalen aschreiwen, geet lues a lues erop, bleift awer nach ëmmer bedauerlech niddereg. Gläichzäiteg klëmmt d’Unzuel vu Leit, déi trotz Walflicht net wiele ginn. Wéi kënnt dat? Ass et en Desintérêt fir de Walprozess, deen ëmmer manner d’Diversitéit vun eiser Gesellschaft spigelt? An dëser Carte Blanche ginn dës Froen an d’Resultater vun enger rezenten Étüd vum Cefis méi genee ënnert d’Lupp geholl.
D'Resultater vun enger Etüd vum Cefis iwwer d’Walbedeelegung vun Auslänner hei am Land si rezent publizéiert ginn – an déi si menger Meenung no beonrouegend. Manner wéi 20% vun den auslänneschen Awunner hu sech bei de leschte Gemengewalen ageschriwwen, fir wielen ze goen. Besonnesch alarméierend ass d'Situatioun bei de Jonken ënner 25 Joer, do waren et nämlech manner wéi 5%. Mä och bei de Leit, déi schonn op de Leschte stinn, Auslänner a virun allem Lëtzebuerger, gesäit et net besser aus: iwwer 50.000 Leit sinn net wiele gaangen, dat si 15,5%. Dat ass e Problem, net nëmme bei eis, mä och international: et schéngt, wéi wann ëmmer méi Leit dem Walsystem de Réck kéieren.
D’Grënn dofir sinn divers – eng Enttäuschung iwwer d’Politik, d’Gefill, net vertrueden ze ginn, oder d’Impressioun, dass sech souwisou näischt ännert, egal fir ween ee wielt. Esou eppes ass geféierlech – a mir gesi ganz kloer, wéi populistesch a rietsradikal Stréimungen iwwerall un Terrain gewannen.
Ee vun de Grënn vun der limitéierter Participatioun kéint de Profil vun de Kandidate bei de Gemengewale sinn. 10% waren net Lëtzebuerger, nëmme 6% waren tëschent 18 a 25 Joer al, knapps 2% ware manuell Aarbechter a just 39% waren Fraen. Der Etüd no war den typesche Kandidat Lëtzebuerger, männlech, huet am ëffentlechen Déngscht geschafft a war 47 Joer al. Elo, verstitt mech net falsch: de Profil eleng ass net ausschlaggebend, mä et ass schonn e Problem, wann d’Majoritéit vun de Kandidaten aus engem relativ privilegéierte Milieu kënnt, an esou Diversitéit vun der Bevëlkerung net erëmspigelt. Et gëtt e grousse Risiko, dass d’Besuergnesser vun de verschiddene Gruppen an eiser Gesellschaft net verstanen oder an de Programmer reflektéiert ginn.
Dobäi kënnt de Sproocheproblem. Hei am Land bretze mir eis gär mam Multilinguismus, mä an der Politik gi mir nach ëmmer ganz schei domadder ëm. D’Diskussiounen an de Gemengeréit, grouss Tëleesdebatten an heiansdo souguer Programmer – villes leeft nach exklusiv op Lëtzebuergesch. Dat schléisst vill Leit aus, net nëmmen auslännesch Matbierger, mä och déi sougenannte "nei Lëtzebuerger".
Diskussiounen iwwert eng Walreform stinn am Raum a mat dëse rezente Resultater stelle sech vill Froen: Soll d’Aschreiwung fir Auslänner nach vereinfacht ginn, vläicht souguer automatesch si fir d’Gemengewalen? Soll d’Walflicht reforméiert ginn, entweder duerch méi streng Reegelen oder duerch hir Ofschafung? A wat ass mat den Nationalwalen? Bleiwe mir stuer beim “3 mol Nee”, wärend eis representativ Demokratie weider u Legitimatioun verléiert?
D’Resultater vum Cefis maachen et kloer: Eng Demokratie, déi net déi ganz Gesellschaft reflektéiert, gëtt schwaach. Et läit un eis all – Bierger, Parteien a Institutiounen – d’Demokratie méi oppe, méi representativ a méi inklusiv ze gestalten.