A senger Carte Blanche stellt de Serge Tonnar fest, dass Identitéiten ëmmer méi do si fir sech vun aneren Identitéiten ze trennen, also fir d'Leit ze splécken. Dorënner leit de Kampf géint déi déifgräifend Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft.

Carte Blanche vum Serge Tonnar: Identitéit, wat e Kabes

"Identitéit? Wat soll dat sinn? Ech si Fra, ech si Mann, ech si kee vun deenen zwee, ech si schwaarz, ech si wäiss, ech sëtzen am Rollstull. Wéi wann näischt anescht an eis wier, wéi eng Saach, op déi mer eis reduzéieren. A wie schléisse mer alles aus? Du bass keng Fra, also kanns du net matschwätzen, du bass net vun Jamaika, also keng Dreadlocks, du bass keen Araber, also léiers du an der Schoul keng Zuelen." 

Des Sätz sinn aus dem Guy Helminger sengem Theaterstéck "E kuerze Monolog iwwert eng laang Zäit". Beim Besuch vum Stéck hunn ech missten drun denken, wéi meng Fra an ech zoufälleg zu Saarbrécken op der Maniff fir de Weltfraendag gelant waren. Do koum eng Uweisung iwwer Lautsprecher, Cis-Männer sollten net an den éischte Reie matmarschéieren. Mir hunn eis gefrot ob et net grad e staarkt Zeeche wär, wann déi mat vir bäi wieren, an och, firwat hei d'Mënsche geschlechtsspezifesch zortéiert ginn.

Wéi ech dës Froen an de soziale Medien opgeworf hunn, sinn ech beléiert ginn, dass dat dach evident wär an ech vläicht misst besser nodenken. Firwat dass dat evident sollt sinn, konnt awer kee mer soen, et ass esou a basta, huet et geheescht, also eng typesch patriarchalesch Reaktioun, vu Leit déi anscheinend de Patriarchat bekämpfe wëllen. D'Satireblat vun de staatlech finanzéierte Staatskritiker vu Richtung 22 huet eis Froe souguer opgegraff, fir dann, grad esou erofloossend, mat Klischeeë wéi "ale wäisse Mann" ronderëm sech ze geheien, ouni den Usaz vun enger Äntwert ze ginn.

Dës Erfarung ass just ee Beispill vu villen, wéi Kräften, déi sech als fortschrëttlech identifizéieren, op den Holzwee kommen an dacks genee déi Schemaen nomaachen, déi si bei anere kritiséieren. Erschreckend ass och, dass een, fir an hir Ongonscht ze kommen, hir Iwwerzeegungen emol guer net ugräife muss, et geet schonn duer Froen ze stellen. Sou ginn da Geschlechter a Generatioune géinteneen ausgespillt, amplaz se ze vereenen am Kampf fir méi Gerechtegkeet. Falsch Kämpf wéi dës splécken d'Communautéit vun de gesellschaftlech a politesch engagéierte Bierger an ëmmer nei a méi kleng Lageren, déi sech fir ëmmer méi marginal Probleemer asetzen.

Amplaz Identitéit ganz ofzeschafen, ginn ëmmer nees neier "identifizéiert" oder souguer geschaaft, fir se vun aneren z'ënnerscheeden an dann an Täter- an Afferrollen opzedeelen. Si huelen och immens vill Opmierksamkeet an Usproch, zu där ech selwer hei bäidroen, ech weess, mee eng Opmierksamkeet déi eng Oflenkung vun de méi déifgräifenden Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft ass, ugefaange mat der Ausbeutung vun der Aarbecht géintiwwer dem Kapital. Natierlech ass et wichteg, dass d'Rechter vu Minoritéite geschützt ginn, mee et bleiwe Minoritéiten, an d'Rechter vun de Majoritéiten, zu deenen déi Minoritéiten iwweregens och gehéieren, däerfen net an den Hannergrond réckelen.

Wann déi progressiv Kräften ëmmer méi morceléiert ginn an d'Opmierksamkeet op e gemeinsame Kampf ëmmer méi verdënnt gëtt, dann ass dat Fudder fir d'Populisten, et gëtt intolerante Kräften en Opdriff an et spillt deenen an d'Kaarten, deenen d'Emanzipatioun vum Mënsch en Dar am A ass. E groussen Deel vum Leed op der Welt geschitt am Numm vun Identitéite wéi Natiounen, Reliounen, Klassen a Geschlechter. Dobäi gëllt gëschter wéi haut: D'Eenheet mécht d'Stäerkt aus. Mam Guy Helminger ass meng Konklusioun hei dofir och kuerz a kloer: Identitéit, wat e Kabes.