Lëtzebuerger stinn hannert de Gewerkschaften an der Monarchie
D'CSV-DP-Regierung ënnert dem Premier Luc Frieden schneit am neiste Politmonitor vun Ilres fir RTL a Lëtzebuerger Wort guer net gutt of.
40 Prozent vun de Befrote sinn net zefridde mat hirer Aarbecht. D'Ilres huet e puer Froen zu aktuellen Theme gestallt an un den Äntwerte kann een erausliesen, wat hir schlecht Bewäertung fir d'Regierung motivéiert kéint hunn.
Den éischten Deel vum Politmonitor iwwer d'Beléiftheet vun den eenzele Politiker fannt Dir hei.
60 Prozent vun de Befrote sinn dogéint, dass mat der geplangter Pensiounsreform d‘Cotisatiounsjore solle klammen. Déi Pist hat de Premier Luc Frieden jo héchstperséinlech wärend senger Ried zu der Lag vun der Natioun annoncéiert. All drëtte Befroten ass guer net domat averstanen – e remarkabelen Taux. Dogéint sinn nëmme 35 Prozent averstanen, awer nëmmen 10 Prozent voll a ganz. D'CSV-Stammwieler sinn deen eenzege Grupp, dee majoritär mat der Mesure averstane wär. Virun allem d‘Wielerinnen an d'Wieler vun ADR, LSAP an déi gréng sinn dogéint, dass d‘Leit méi laang solle schaffe goen. Generatiounsiwwergräifend Solidaritéit gëtt et an dëser Fro net. Dem Manon Breden vun Ilres no sinn déi Befroten iwwer 65 Joer déi eenzeg Kategorie, déi majoritär dofir ass, dass d'Cotisatiounsjoren eropginn.
Ënnerstëtzung fir Gewerkschaften
D'Tensiounen tëscht de Gewerkschaften an der CSV-DP-Regierung spigele sech wéineg iwwerraschend an dësem Politmonitor erëm. De Gros vun de Befrote schléit sech op d'Säit vun de Gewerkschaften.
60 Prozent fannen et gutt, dass OGBL an LCGB den 28. Juni fir eng Manifestatioun opruffen. 38 Prozent soe souguer "jo sécher". Nëmme 26 Prozent fannen den Appell, op d'Strooss ze goen, net gutt. 14 Prozent hunn dozou keng Meenung. Virun allem LSAP-Stammwieler an déi vun ADR an déi gréng si mat deem Opruff averstanen. Déi vun de Regierungsparteie si gedeelter Meenung.
Et ass dowéinst och wéineg verwonnerlech, dass 55 Prozent vun de Befrote soen, dass d'Regierung de Gewerkschaften hir Positioun net genuch respektéiert. Nëmmen 31 Prozent soen dach. An dat dierften an der Haaptsaach Stammwieler vun der CSV sinn. Do fannen 58 Prozent, dass d'Regierung de Gewerkschafte genuch nolauschtert. Wieler vun LSAP, ADR, respektiv déi gréng soe ganz däitlech Nee.
An e ganz däitleche Jo gëtt et op d'Fro, ob d'Regierung dem Patronat seng Positioun genuch respektéiert: 62 Prozent Zoustëmmung. Nëmmen 21 Prozent fannen dat net. 17 Prozent enthale sech. D'Stammwieler vun all de Parteie soe majoritär Jo, d'Regierung kuckt genuch nom Patronat.
Jo fir méi Defense-Ausgaben, Nee fir obligatoresche Militärdéngscht
Déi onsécher Situatioun op der Welt mécht de Leit zu Lëtzebuerg Suergen. Dat geet aus dem Politmonitor ervir. Deemno huet Ilres d'Äntwerten an deem Kontext am Detail analyséiert.
61 Prozent vun de Befrote schwätze sech dofir aus, dass d'Ausgabe fir d'Defense scho bis Enn des Jores op 2 Prozent vum RNB klamme sollen. D'Stammwieler vun all de Parteie soen dat gréisstendeels. De Pourcentage klëmmt mam Alter vun de Befroten. Am Ganze sinn 29 Prozent dogéint.
Ob de Prozentsaz vun den Depensë fir d'Defense am Accord mat den Nato-Partner soll an d'Luucht goen, déi Fro ass méi däreg. 47 Prozent Jo géint 42 Prozent Nee. CSV- respektiv DP-Wieler sinn dofir. D'Sozialiste si gespléckt an der Fro. ADR-Stammwieler majoritär dogéint. Déi gréng och éischter.
59 Prozent vun de Befrote sinn dogéint, dass en obligatoresche Militär- oder Zivildéngscht hei am Land agefouert gëtt. Ëmmerhin am Ganzen awer 37 Prozent dofir. Just bei der CSV sinn e puer méi Stammwieler dofir ewéi dogéint. Virun allem gréng Stammwielerinnen a Wieler (70%) a Jonker tëscht 18 a 24 Joer (72%) opposéiere sech géint esou eng Propos. Eeler Leit vun iwwer 65 Joer sinn zu 47 Prozent dofir an 49 Prozent géint en obligatoresche Militär- oder Zivildéngscht.
Lëtzebuerger si gréisstendeels Frënn vun der Monarchie
D'Lëtzebuerger stinn hannert der groussherzoglecher Famill. Op d'mannst sote ganzer 69 Prozent vun de Befroten am Politmonitor, dass d'parlamentaresch Monarchie déi bescht Staatsform fir Lëtzebuerg ass. D'Hallschent dovun ass komplett dovun iwwerzeegt. Nëmmen 20 Prozent fanne Lëtzebuerg bréicht eng aner Staatsform. 11 Prozent vun de Befrote wëssen et net.
D'CSV-Stammwieler si mat 84 Prozent déi gréisst Frënn vun der Monarchie. Bei der DP sinn et der 80. Och d'Sozialiste sinn zu 62 Prozent vun der Monarchie als bescht Staatsform iwwerzeegt. Déi gréng souguer mat 63 Prozent. Firwat déi Fro d'ADR-Stammwieler a 44 Prozent Jo an 41 Prozent Nee spléckt, kann och d'Manon Breden vun Ilres sech net honnertprozenteg erklären: Ëmmerhi schwätzt d'ADR sech als Partei kloer zu Gonschte vun der Monarchie aus.
Eng Erklärung kéint sinn, dass ganzer 74 Prozent vun den ADR-Stammwieler an dëser Ëmfro uginn, dass d'Vollek an engem Referendum soll gefrot ginn, ob d'Monarchie soll bäibehale ginn. 56 Prozent vun der grénger Wielerschaft fënnt dat och, grad ewéi gutt d'Hallschent vun de Sozialisten. Bei de Regierungsparteie sinn déi meescht Befrote géint esou e Referendum iwwer d'Zukunft vun der Monarchie. Alles an allem fannen awer 48 Prozent, dass d'Vollek doriwwer ofstëmme sollt kënnen. 27 Prozent esouguer ganz däitlech.
Logement déi gréisste Suerg
Ilres huet iwwerdeems ofgefrot, wat de Leit aktuell am meeschte Suerge mécht. Kloer op der éischter Plaz ass nach ëmmer de Logement. Virun allem fir déi Jonk ass dat eng grouss Suerg. Da kommen déi geopolitesch Tensiounen. An nei um Podium ass de Rentesystem. Och de Rietsruck, deen zouhëlt, bleift eng grouss Suerg vu ville Befroten.
Weider Detailer iwwer d'Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu.