Geet de béise Fanger fir den Emmanuel Françoise duer?

Am Mee gouf den Emmanuel Françoise positiv getest. Dem Futtballspiller gouf elo vum Conseil de discipline contre le dopage de béise Fanger gewisen. Hie gouf awer net gespaart. Fir de Rich Simon beweegt sech de Conseil de discipline contre le dopage do op dënnem Äis....
Den CDD berifft sech drop, dass et sech an deem heite Fall ëm ee medizineschen Noutfall gehandelt huet. De Futtballspiller hat eng Asthmakris an huet een Asthmamëttel zou sech geholl, wat him vu sengem Dokter gerode gouf. De concernéierte Sportler huet d'Faiten och zou ginn.
Sou wäit esou gutt.
Et ginn awer international Fäll déi esou ähnlech gelagert sinn wéi deen heiten a wou d'Uerteeler awer anescht ausgefall ass:
Am Joer 2010 gouf an Däitschland een deemools 13 Joer ale Schwëmmer no enger Course positiv getest. Hien hat moies virun de Course den Houscht. Seng Mamm huet zu him gesot, dass hien ee Läffel Houschtsirop zou sech soll huelen. Dat huet de Bouf och gemaach. An deem Sirup war Clenbuterol dran. An dat steet op der Dopinglëscht. De Bouf gouf fir 1 Joer gespaart. Et war ee Fall deen international vu de Medien praktesch net kommentéiert gouf.
Een anere Fall awer schonns. Nämlech dee vun der norwegescher Langleeferin Therese Johaug. D'Sportlerin gouf am September 2016 positiv op Clostebol getest. Clostebol ass een Derivat vun Testosteron a gëtt a Crèmen benotzt fir Wonnen ze behandelen. Et ass awer och ee beléiften Dopping Mëttel a Bodybuilder Kreesser.
Wéi ass dat Mëttel an de Kierper vun der Athletin komm? Si hat ee Sonnebrand op de Lëpsen. Den Dokter vun der Equipe ass an Italien, do wou d'Equipe an engem Stage war, an eng Apdikt gaangen an huet enge Lëppecrème kaaft mat där Therese Johaug behandelt gouf. An där Crème war Clostebol dran. Den Dokter huet d'Schold op sech geholl an ass zeréck getrueden. D'Olympiagewënnerin ass awer fir 13 Méint gespaart ginn.
Déi zwee Fäll weisen, dass d'Sportler villäicht net direkt dru Schold waren dass si positiv getest goufen. An deem enge Fall villäicht éischter d'Mamm an deem aneren, an dat ass méi schlëmm, den Dokter.
Et ass awer esou, dass de Sportler och selwer fir sech Responsabel ass fir dat Medikament wat hien zou sech hëlt.
De Schwëmmer an Däitschland an déi norwegesch Langleeferin goufe gespaart. Den Emmanuel Françoise net.
Et däerf ee gespaant sinn op op déi Lëtzebuerger Anti Doping Agence géint d'Uerteel vum Conseil de discipline contre le dopage an Appel geet oder net.