Zanter e Sonndeg ass den FC Metz op der Sich no engem neien Trainer. De Lëtzebuerger Footballnationaltrainer Luc Holtz ass an der Course.

De Footballveräin aus der Lorraine huet dem Philippe Hinschberger de Stull no 10 Spilldeeg a just 3 Punkten an der Ligue 1 virun de Stade Saint-Symphorien gestallt. Als méigleche Successeur wär och de Lëtzebuerger Footballnationaltrainer Luc Holtz an der Course. D'Fro stellt sech, wann et sech sollt konkretiséieren , wéi et bei der FLF viru geet.

Zukunft vun der FLF / Gedanke vum Franky Hippert

Et ass kee Secret, de Luc Holtz ass zanter enger Zäitche bei auslännesche Veräiner um Radar. Nodeems den Domenico Tedesco vun Aue op Schalke gewiesselt war, wollt de Club aus der zweeter Bundesliga de Lëtzebuerger Nationaltrainer jo engagéieren. Do huet awer nach net alles gepasst, virun allem d'Distanz zu der Famill war ze grouss an d'sportlech Perspektive vun Erzgebirge, no un der Tschechescher Grenz, ze kleng. Och den Karlsuher SC Ofsteiger aus der zweeter Liga, hat den 48 Joer ale Lëtzebuerger um Ziedel.

Lo ass de Luc Holtz also an der Course fir den Trainerposten beim FC Metz. De Lëtzebuerger Selectionneur ass spéitstens zanter dem 0-0 an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun zu Toulouse géint Frankräich, am Hexagon keen Onbekannte méi. Virun engem Mount hat d'franséisch Sportzeitung L'Equipe, de Luc Holtz an d'Course bruecht, wéi dem Hinschberger säi Stull scho ferm gewackelt hat.

Lo e Samschdeg war den Holtz, deen a 66 Lännermatcher ëmmerhin 10 Mol mat de Rouden Léiwen gewonnen, 13 mol gläichgespillt hat, an domat déi bescht Statistik vun alle Lëtzebuerger Foussballnationaltrainer huet, am Stade Saint-Symphorien, fir d'Partie Metz géint Djion ze suivéieren. Reng zoufälleg, just eng Rei genee virum President vun der Grenat Bernard Serin. De fréiere Spiller vu Montceau-les-Mines steet beim FC Metz sécherlech op der sougenannter „short list“. De Luc Holtz selwer huet jo och ni e Geheimnis draus gemaach, datt hie gär eng Kéier een auslännesche Profiveräin wéilt trainéieren.

Aus dem Entourage vum Holtz ass ze héieren, datt hien et géif maachen, wann Metz et géif riskéieren, e Lëtzebuerger Trainer ze huelen. Offizielle Language vum Luc Holtz ass, dat en extrem frou ass, Lëtzebuerger Nationaltrainer ze sinn, wann eng interessant Sollicitatioun aus dem Ausland keim, hien awer JO géif soen. Beim FC Metz géif alles passen: d'Distanz, méi schlecht wéi déi leschte Plaz an der Tabell an der ieweschter Divisioun kann et souwisou net ginn. A wann et de batteren Wee an d'Ligue 2 misst sinn, kéint hien eppes opbauen.

A wat seet d'FLF, den Nach-Patron, well schliisslech huet hiren Trainer nach zwee Joer Kontrakt? De President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun Paul Philipp an de Luc Holtz hu bei der leschter Verlängerung vum Kontrakt ofgemaach, datt wann eng Ufro keim, d'FLF hirem Trainer keng Steng an de Wee géif leeën. Vläicht och, well een bei der gréisster Sportfederatioun am Land weess, datt hien ee ganz valabele potenzielle Successeur a sengen eegene Reien huet. Wann een den FLF-President zanter Jore suivéiert an analyséiert, weess een, datt hien e méigleche Successeur vu sengem A-Trainer, ganz gär um Posten vum U-21 Nationaltrainer huet.

Do kann de Paul Philipp, da genee observéieren, wei dee Mann op der Bänk mat de jonke Roude Léiwen just ënnert der A-Equipe, mat den zukünftege groussen Nationalspiller, schafft. An dat léist sech bei deem aktuelle Mann, dem Manuel Cardoni méi wéi weisen. An de leschte Wochen a Méint, huet de fréiere Profi vu Leverkusen gewisen, wat hien als Trainer drop huet. An der aktueller Europameeschterschaftsqualifikatioun mat senger U-21 huet hien a Bulgarien 1-0 gewonnen, géint Slowenien 1-1 gläichgespillt, a waar géint Frankräich an der Paus 2-0 vir, fir um Enn knapp 2-3 ze verléieren. Mam A-Trainerschéin ass de „Man“, wéi de Cardoni genannt gëtt, am Gaangen a bis den nächsten offizielle Rendez-vous, dee jo eréischt de nächsten Hierscht mat der Nations League ass, och fäerdeg. Also wann de Luc Holtz neien Trainer zu Metz géif ginn, wat net onméiglech ass, ass et och net onméiglech, datt dann de Manuel Cardoni, wann e wéilt, neie Lëtzebuerger A-Nationaltrainer géif ginn.