Et ass (net) de Moment fir ...

Et ass net de Moment fir een Abrëllsgeck ze maachen - hu mer als RTL fonnt an am Plaz haut eis "Merci Aktioun" lancéiert.
Ee Merci un all déi Leit, déi an dësen Zäite schaffen fir eis all. Ech well elo net all d'Beruffer opzielen, well ech bestëmmt ee géif vergiessen. An eiser Aktioun hu mer awer probéiert u jiddwereen ze denken.
Mir hu fonnt: et ass de Moment Merci ze soen.
An da gëtt et awer och déi , deenen an dësen Zäiten de Plaffong op de Kapp fält: déi net kënnen oder dierfe schaffen, well hire Betrib agestallt gouf oder Télétravail net méiglech ass. Oder déi vläicht schonn an der Pensioun sinn an deenen hir üblech sozial Aktivitéiten ewechgefall sinn.
Deslescht krute mer geschriwwen, dass jo lo vill Leit gutt Zäit hätten, hiert Haus vum Späicher bis an de Keller ze raumen oder frësch unzesträichen, a firwat et dann net awer méiglech wier, dass Recyclingszenteren op wieren, fir de ganzen Dreck ewechzebréngen oder d’Baugeschäfter fir Faarf an Tapéit ze kafen. Supermarchéen hätte jo och op, an et kéint een d'Leit jo och lues a lues an de Recyclingszenter oder de Baumaart eraloossen.
Jo, et wier lo ee gudde Moment, fir alles ze raumen an ze botzen a frësch ze maachen.
MEE: et ass nun mol NET de Moment, fir dass d'Leit zirkuléieren oder zesummekommen.
D'Akeef am Supermarché solle jo och just sinn, fir dat Néidegst, net als Zäitverdreif. Wier de Baumaart op, géif een awer vläicht 3 mol dohi fueren, well een net di richteg Schrauwen huet oder de falsche Pinsel.
Et ass NET de Moment no eise klenge perséinleche Bedierfnisser ze kucken, mä et ass de Moment als Gemeinschaft derfir ze suergen, dass mer déi Kris an de Grëff kréien an dozou gehéiert et nun emol leider eis Deplacementer sou wäit et geet anzeschränken.
Duerfir musse mer lo Gedold hunn. De Moment wou mer rëm kënnen op de Sperrmüll fuere kënnt och ...