Ee Bréif un d'Helden aus Europa

De Commentaire ass ee Bréif. Mir kucken dem Frank Kuffer iwwert d'Schëlleren. De Sommet vu virgëscht huet hien inspiréiert den Helden aus Europa ze schreiwen.
Frau Merkel,
Monsieur Sarkozy,
Här Juncker,
Do, elo hänken ech schonn. A wéi enger Sprooch schreiwen ech deenen dann elo, et ass nëmmen een deen Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch versteet a wien nennen ech fir d'éischt ?
Deen, deen sech am längsten an am éierlechsten ëm den Euro këmmert, also eise Jean-Claude National.
Deen, dee menger Meenung no nach am längsten mat um Dësch sëtzt, wann d'Staats- a Regierungscheffe beienee sinn, also erëm eise Premier., well déi aner deemnächst an d'Pensioun geschéckt ginn.
Oder geet dat der Gréisst vum Land no, oder der Gréisst vun de Leit, vum klengsten zum Gréissten, soss kënnt de Sarko jo ni vir.
Egal komm ech fänken emol un.
Merci dir Dammen an dir Hären, dass dir eis den Euro, d'Griichen, d'Banken, d'Economie also Alles schonn erëm eng Kéier gerett hutt. Dës Kéier awer erëm eng Kéier definitiv a sécher. Ech ginn emol dovunner aus, dass et fir dëse Mount, also fir de Rescht vum Oktober emol roueg bleift. Dofir Merci, Merci, Merci.
Ouni iech hätte mer zwar den Euro net an d'Griichen och net mä ouni iech kéime mer ni méi aus deem Lach do eraus.....Merci, Danke, Merci,
Sou elo hunn ech mech genuch bäi geschmiert, elo kënnt et.
Madame Merkel, Herr Sarkozy, Monsieur Juncker.
Ech hätt just eng Fro, well dir jo esou gutt zaubere kënnt.
Wier et net méiglech mir och ze hëllefen?
Kuckt ech hu mer virun enger Zäit een Haus gebaut an hunn elo ee Prêt. Wier et net méiglech mir d'Halschent vun de Scholden no ze loossen ? Dat wier och guer net vill am Verglach zu deem, wat der fir Griichenland gemeet hutt. Ech fäerten nämlech, dass ech soss d'ganzt Land ustiechen. Dir hutt mer eng Krisesteier ginn, ech muss méi an d'Krankekeess bezuelen, d'Steiertabell ass net indexéiert asw. jee ech hunn ëmmer méi Ausgaben an ech fäerte wann ech elo net méi bei de Wiert ginn an an de Supermarché an an d'Vakanz, da maachen déi alleguer Faillite, ech rappen déi ganz Lëtzebuerger Economie mat an da kréien ech d'Schold fir d'Eurokris. Och är Pai bezuelen ech a wann ech net méi kann dann hänkt dir och, also wgl. ech zielen op iech.
Wann dat awer net méiglech ass da maacht dach einfach eng Kéier den Trick mat deem Hiewelen mat mengem Kont, dat huet mech esou impressionéiert. Do hunn 250 Milliarden eng Wierkung wéi eng Billioun Euro. Esou vill verlaangen ech natierlech net Monsieur Sarkozy, Madame, Merkel, Här Juncker, mat e bësse manner wier mir och gehollef. Ech zielen op iech a sinn am Viraus alt schonn emol impressionéiert.
Dat ganz erënnert mech bëssen un de Jesus, deen aus Waasser Wäin gemeet huet. Dee Mann gouf um Enn gekräizegt.