An zwou Wochen sinn d'Gemengewalen eriwwer - a villen Märeie sinn d'Schampesfläsche geraumt, mä den Dilemma bleift, mat wiem da fir déi nächst 6 Joer eng Koalitioun ze maachen ass - da kënnt et nees zu Splittingen.

Debattéiers ëm de klengst méigleche Nenner a puncto Walprogrammer an engem virsiichtegen Eruntaaschten no méiglechen Fusiounen. Och dëst Joer bleift also villes beim Alen bei de Gemengewalen. Lëtzebuerg trëppelt op der Plaz mengt de Roy Grotz a sengem Commentaire.

Commentaire vum Roy Grotz

An dat absënns, well déi lokal Walen als elementaarst Stéck vun der Basisdemokratie et alt nees net  fäerdegbréngen, wierklech d'Awunner aus den 102 Gemengen ze eneen an ze rassembléieren. D'Residenz-Klausel ass ewechgefall an awer hu sech nëmmen eng 50.000 auslännesch Awunner op de Wielerlëschten agedroen. Ronn ee Véierel vun de potentiell 253.000 méigleche Wieler.

Dat weist, datt d'Gemengewalen net nëmmen den Auslänner, mä och ville Lëtzebuerger u sech relativ egal sinn: et geet och an dësem Fall a ville Fäll ëm d'Bedéngen vun Egoen, an net ëm den Asaz ouni op d'Auer ze kucke fir seng Communautéit an d'Awunner, déi ronderëm Ee wunnen a liewen.

Obwuel et genee dat ass, wat jo den Engagement op Gemengenniveau ausmécht: sech staark maache fir d'lokal Uleiessen, sécher Schoulweeër, adaptéiert Strukturen fir Jonk an Al, gréng Réckzuchsräim a klimageplote Gemengen, eng variéiert Offer u Fräizäitméiglechkeete mat Terrainen a raimleche Méiglechkeeten fir Clibb, déi non-formell eng formidabel Aarbecht leeschten.

Mä wann een d'Leit sou dëser Deeg héiert, dann huet Ee net d'Gefill, datt dësen oneegenëtzege Gedanke vum Gemengepolitiker iwwerall och sou gesinn gëtt - en net-repräsentativt Beispill, mee eent, wat vill ausseet, ass e Gespréich tëscht Papp a Meedchen virun enger faarweger Walaffiche am Stater Park um Päischtméindeg: de Papp, Mëtt 70, seet zu sengem Meedchen - Ugangs 50:

"Wie sinn déi do, déi op deem Fokus drop sinn?

Ma kuck Papp, do steet et jo, vun Ruppert iwwer Hoffmann a Miltgen gi se d'Lëscht duerch - "déi daachen och net vill" ass de Constat: Enseignanten, Affekoten a Pensionéierter - an dat war et - d'Lëscht gouf vun de Beruffer hir duerchgeholl an huet keng Gnod bei deenen Zwee fonnt.

Bei der LSAP gouf geknoutert, et géif Ee Keen kennen,

Beim ADR ass de Slogan duerchgefall a bei de Piraten gouf just de Kapp iwwert d'Käpp gerëselt.

Bei der Stater DP gouf d'Buergermeeschtesch erëmerkannt an d'aktuell Familljeministesch.

Bei deene Gréngen goufen et Kriticken un der proforma grénger Formalismus-Politik.

An dat war et, mat der Conclusioun: Ech wielen déi Puer, déi ech kennen an dann huet et sech.

Jonker hunn ech wärend enger Stonn keng gesi bei den Affichen stoebleiwen. Si man d'Kräiz do, wou se déi meeschten Informatiounen iwwer d'sozial Reseaue kréien a maache sech e flotte Sonndeg.

Tjo, sou ass dat - et ass e battert Brout - esou eng Walcampagne, wou ee sech op eemol muss sou vill op Baueremäert, Kennbacksteeën, Aweiungen a souguer schweessege Sportevents weisegoen: fir biergerno ze sinn an eng Foto ze hunn.

Nom 12. Juni ass dee Spuck da nees eriwwer - an et gëtt sech ëm d'Posten zerklappt - an duerno muss sech nees de schéine Männchen gemaach ginn. Et wëll ee jo am Beschte bei de Chamberwalen och nach mat op d'Lëscht geholl ginn. De Slogan ass do komplett egal:

Zesummen - Méi no -méi no bei dir a mat gerechte Léisungen, déi Zukunft schafen.