Haut virun 2 Joer, also um 7. Oktober 2023, huet d’Terrororganisatioun Hamas Israel ugegraff, dobäi iwwer 1.000 Mënsche brutal ëmbruecht a weider 250 Persounen als Geisele geholl. De 7. Oktober markéiert awer och den Ufank vum Krich an der Gazasträif, deen antëscht schonn zanter zwee Joer amgaangen ass. E Krich, deen ëm 65.000 Palästinenser d'Liewe kascht huet a géint deen ëmmer méi Leit uechter d'Welt op d'Strooss ginn, och hei am Land. Mee wat bréngt Aktivismus géint de Krich? Dat freet d’Monica Camposeo a sengem Commentaire.

Honnertdausende Leit sinn de Weekend zu Amsterdam op d'Strooss gaangen, fir en Enn vum Gazakrich ze fuerderen. An Italien gëtt geschat, dass ronn 2 Millioune Leit un de landeswäite Protester deelgeholl hunn. Och hei am Land hunn Enn September iwwer 5.000 Leit demonstréiert. Eng Lëtzebuergerin huet sech souguer zesumme mat aneren Aktivistinnen an Aktivisten op de Wee a Richtung Gazasträif gemaach, fir Hëllefsgidder an d’Enklav ze liwweren.

Dat bréngt dach souwisou näischt, héiert een dacks hei am Land iwwert esou Aktiounen. De Krich hält net op, wann e puer 1.000 Leit duerch d’Stad trëppelen oder e puer 100 op e Boot klammen. An dat maach och wouer sinn. Mee et weist, dass d’Zivilbevëlkerung entsat ass vun de Biller, déi jidderee vun eis all Dag aus der Gazasträif gesäit. Den Opruff un d’Politik, eppes ze maachen - iergendeppes - ass verständlech.

Well et ëmmer méi schwéier gëtt ze verstoen, wat op deem klengen Territoire vun der Gazasträif viru sech geet. Israel dementéiert zwar ëmmer nees d’Virwërf, dass déi palästinensesch Populatioun express an eng Hongersnout géing gedriwwe ginn. Mee iwwer d'Aktioune vum israeelesche Militär oder och iwwer déi vun der Hamas ass et schwéier sech mat 100%-er Sécherheet vu baussen e Bild ze maachen. An all "Säit" fënnt déi Argumenter, déi grad am beschte passen. Mee Fakt ass, dass Israel keng international Journalisten an d'Gazasträif eraléisst, ouni si vum Militär begleeden ze loossen. A mir schwätzen hei net vun enger Terrororganisatioun oder enger Diktatur, déi keng neutral Berichterstattung zouloosse wëll. Dat géing wuel kee wonneren. Nee, mir schwätzen hei vun engem Land, dat dacks als "eenzeg Demokratie am noen Osten" designéiert gëtt. Mir schwätze vun engem Alliéierte vun der sougenannter westlecher Welt. Eiser Welt. An da gëtt et einfach keng Entschëllegung, fir keng fräi Berichterstattung zouzeloossen.

Dat gëllt och fir d’Krichsféierung géint d’Zivilpopulatioun. D’Liewensbedingungen an der Gazasträif ginn zanter zwee Joer ëmmer méi schlecht, an dat drastesch. Fir d’Hëllefsorganisatioune gëtt et ëmmer méi schwéier um Terrain ze schaffen. Médecins sans Frontières hu sech viru kuerzem souguer aus Gaza-Stad zeréckgezunn, well si einfach net méi schaffe kéinten. D’Aarbecht vun den ONGen ass dokumentéiert. Och ouni international Journalisten op der Plaz.

Et gëtt och keng Entschëllegung fir Schoulen, Flüchtlingslager oder Spideeler ze bombardéieren. Esou Attacken hunn déi israeelesch Regierung oder de Militär schonn zouginn a se als “Kollateralschued” definéiert. An net ze vergiessen, dass eng 50 israeelesch Geiselen ëmmer nach vun der Hamas festgehale ginn. Déi israeelesch Regierung sollt dach och an hirem Interessi handelen.
 
D’Europäesch Unioun ass de gréissten Handelspartner fir Israel. Ma eise Partner huet decidéiert, fir de Budget 2025-26 12,5 Milliarden US-Dollar méi an de Militär ze investéieren. D’EU spillt duerchaus eng Roll an domadder och Lëtzebuerg. An et ass genee dofir, dass Aktivismus – och dee vu wäit fort – wichteg ass.