Ech war paff,ewéi ech déi ronn 2 Stonne vun der Schäfferotserklärung an der Stad Lëtzebuerg am Livestream nogelauschtert hunn.

Op eemol sinn de Klimaschutz an d’Energietransitioun prioritär an der Stad Lëtzebuerg! An net (méi) d’Sécherheet!

D'Stad wär weltwäit eng vun de gréngste Stied. Dat géif en "green city index*" esou festhalen.  Dat sollt erhalen bleiwen, heescht et.

Ech denken allerdéngs och un déi net grad klimafrëndlech zoubetonéiert Flächen ewéi d’Paräisser Plaz oder den reamenagéierte Knuedler. Mä domadder ass elo jo dann Schluss!

Thema Sécherheet no 90 Minutten…

No enger Stonn 31 Minutten a 5 Sekonne vun der Schäfferotserklärung fält eréischt dat Wuert "Sécherheet". "Lëtzebuerg wär eng vun de séchersten Haaptstied an Europa", seet d’Stater Buergermeeschtesch. Mä Abréch, Déifställ an Aggressiounen hätten zougeholl.

Dofir géif deen neie Stater Schäfferot sech och weider staark maache fir eng Gemenge-Police ënnert der Autoritéit vun der Buergermeeschtesch. Ouni ze präziséieren, ewéi déi kommunal Police konkret soll en place gesat ginn.

D’Video-Iwwerwaachung soll ausgebaut, de Platzverweis agefouert ginn… Esou vill zur Sécherheetslag an der Stad Lëtzebuerg. Vum vill diskutéierten Heescherteverbuet hunn ech näischt méi héieren.

D’Ausféierungen zum Thema Sécherheet hunn ganzer 3 Minutten an 23 Sekonne gedauert! Ech ginn d’Gefill net lass, ewéi wann d’Sécherheetsproblematik nëmmen en Oflenkungsmanöver am Virfeld vun de Gemengewalen war.

*De "green city index" vun der Rees-Internet-Plattform travelbird klasséiert effektiv Lëtzebuerg op der 8. Plaz vun de gréngste Stied weltwäit mat 38,1 % Gréngflächen.