Bokassa II.

© Eric Steichen
Virun de Walen huet den neie Luc Frieden d'Cravatte ausgedoen, den ieweschte Knapp vum Hiem opgemaach a versprach, hie wier elo locker an oppen. No de Walen ass kloer, den neie Luc konzentréiert nach méi Muecht bei sech wéi deen alen. En Tëscheruff vum Michèle Sinner.
E Mëttwoch den Owend stëmmen d'Gremie vun CSV an DP iwwert de Koalitiounsaccord of. Deen Accord kréie si virum Vott net virgeluecht. Si stëmmen also iwwert eppes of, dat se am Detail net kennen, a wou et nawell riskéiert, Divergenze mat de Walprogrammer ze ginn. Dee Verdacht läit op jiddwer Fall no, bei deene villen Hiweiser op déi "gemeinsam Ziler" vun de Parteien. Ziler, dat si laang net d'politesch Instrumenter, duerch déi een dës Ziler géing erreechen.
Dat Dokument also wou drasteet, wat CSV an DP déi nächst fënnef Joer wëlle maachen, soll net verëffentlecht ginn, ier de Luc Frieden an der Chamber seng Regierungserklärung mécht. De Luc Frieden wëll dat net. Punkt. Hie wëll absolut d'Kontroll iwwer säi Liewensprojet behalen, Premier ze ginn. An dofir léisst hien net just d'Press, an domat och d'Wieler am Ongewëssen, ma virun allem och seng eege Leit - justement, fir datt se der Press näischt verroden.
Fir d'Koalitiounsverhandlungen huet sech de Formateur zu Senneng verschanzt, op engem Site hanner héijem Drot, vun der Arméi bewaacht. An den Aarbechtsgruppen kruten d’Leit, déi dra matgeschafft hunn, alt hir eegen Ofschlossrapporten net geschéckt – wat een net huet, kann een net weiderginn.
Säin Argument, et kéint een den Accord wéinst den demokratesche Prozeduren net publizéieren, wéinst der neier Verfassung, wéinst dem Vott, deen d'Chamber misst driwwer huelen, dem Respekt virun den Deputéierten ass ganz einfach - pardon - décke Kabes. An der Verfassung steet net, den Accord dierft net publizéiert ginn. Dee Bluff huet hie schéin agewéckelt an e blénkege Kaddospabeier aus staatsmännescher Gravitas a Pathos, wou Demokratie drop steet, mä de Contraire dran ass. Ma bis viru Kuerzem hat de Mann net genuch Respekt virun der Chamber, fir selwer wëllen dra sëtzen ze goen.
Et ass net z'erwaarden, datt sech en Donneschdeg an de Gremie wierklech vill gemuckst gëtt – schliisslech wëlle se, surtout an der CSV, onbedéngt zréck an d’Regierung. De Jean-Claude Juncker, ënnert deem de Luc Frieden laang Krounprënz war, hat de Spëtznumm Bokassa*. Mat senger Walcampagne an dëse Koalitiounsverhandlungen huet de Luc Frieden demonstréiert: Och hie mengt, de Pouvoir, dat wier hien. A wie sech a sengem Glanz wëll sonnen, deen huet besser ze follegen. Wéi laang déi sech dat gefale loossen, déi en Donneschdeg net Minister oder Ministerin sinn, ass déi spannend Fro fir déi nächst fënnef Joer.
* Bokassa war de Spëtznumm vum Jean-Claude Juncker an der satirescher Zeitung "Den neie Feierkrop", a Referenz op en afrikaneschen Diktator.