Lo kenne mer se - déi 15 Ministeren, déi d'Land déi nächst 5 Joer wäerte féieren. Vrun allem dierf ee gespaant sinn, ob d'Rad net nees zeréckgedréint gëtt, mä dat wier en Affront fir Land a Wieler. De Luc Frieden soll kucken an d'Geschicht anzegoen..., fënnt de Roy Grotz en Donneschdeg de Moien a sengem Tëscheruff.

En Tëscheruff vum Roy Grotz - D'Äerm erop gestrëppt a lass

...An zwar als beschten an dynameschste Staatsminister ever. Net einfach, wann et virdrun e Xavier Bettel gouf, dee lo säi Pringles-Tableau vum Staats- an den Ausseministère plënnert. E Luc Frieden, deen effektiv näischt vun de Finanze wëll an engem Deel-Ministère wëssen an déi waarm Gromper vun de Steiererliichterungen an der Kafkraaft dem Gilles Roth iwwerléisst. Hie muss sech definitiv beweisen a wousst ewell e Mëttwoch beim Raume vu sengem Mamer Büro, datt lo e "Schankenjob" op hie waart.

Dat gëllt och fir de Stater Schäffen an Historiker Serge Wilmes, dee muss weisen, wat him den Nationalen Energie-a Klimaplang an de Schutz vun der Biodiversitéit wäert ass, ob hie sech als Klimaaktivist beweist oder als moderéierten Dossiersmënsch, deen nëmmen drop beduecht ass, Kengem op d'Féiss ze trëppelen. Dat dierf net sinn a wier en Affront an der aktueller Klimakris.

Identesch muss sech den neie Logementsminister Claude Meisch beweisen. Wann Hien dee Ressort esou opstockt a managed wéi d'Educatioun, da kommen aktiv Zäiten op seng Conseilleren duer an d'Wunnengskris ass sou séier geléist, wéi Ee säin Ofschloss-Examen an der Täsch huet.

Gefuerdert sinn och den neie Miseler Police-Minister Gloden, grad wéi d'Justizministesch Margue, mä och de Super-Minister Delles muss oppassen, datt seng héich Schëllere breet genuch sinn, fir all déi Dossieren ze stemmen, déi hie sech do op sengem Büro ugeheeft huet.

Och d'frësch-gebake Santésministesch Martine Deprez brauch net an eidelen Tiräng ze wullen a weess als Zuelemënsch genee, wat d'Patiente vun enger moderner an effikasser Gesondheetspolitik erwaarden. Tuyaue kënne sécher d'DP-Ministesch an Doktesch Obertin ginn, mä vläicht och den Deputéierte Schockmel, wann hien net ze vill sollt motzen.

E flotte Ministère krut d'Ex-Finanzministesch mat Mobilitéit an Travaux, wou d'Madamm Backes ganz vill Chantieren a Projete "ready made" kann aweien.

Mä d'Käpp sinn dat eent, u sech en Detail, an auswiesselbar, souguer ganz séier, wat mer an der leschter Regierungsperiod gesinn hunn. Wat zielt ass jo de Programm an un deem gëtt des Regierung gemooss. Ech zweiwelen, datt se duerfir 100 Deeg Zäit gelooss kritt. D'CSV hat déck opgetrompt am Walprogramm, da musse lo d'Kaarten op den Dësch - chiffréiert, éierlech, mam Bléck op de Mënsch, op dat Soziaalt, op d'Suerge vun de Leit, déi net de Sputt hunn a Fongen z'investéieren a 5x d'Joer an d'Vakanz ze fueren.

D'CSV hat sech "Zäit fir eng nei Politik" op de Fändel geschriwwen. Vill Hoffnungen haten d'Wieler mat deem Vott verbonnen, ouni datt LSAP an DP ofgestrooft gi wieren, mä mat der déifrouder Kaart fir Déi Gréng. Méi no bei Dir wollten déi Blo sinn, ma dann iwwerrascht eis lo, neie Luc an ale Xavier; weist datt dir et verdéngt hutt, d'Land ze leeden a weist eis, datt Politik méi ass, wéi Loftblosen an eidel Wierder, mä Nolauschteren, Upaken an Ëmsetzen.