D’Kaz ass aus dem Sak. Den CSV-DP-Regierungsprogramm ass elo public.

Bei de konkrete Mesuren, déi d’Frieden-Bettel Regierung wëll déi nächst 5 Joer ëmsetzen, si puer gudder dobäi, mee anerer maachen engem Suergen oder souguer Angscht, mengt de Fränz Aulner an dësem Tëscheruff.

Mam Titel vum Koalitiounsaccord «Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken» ka jo keen net averstane sinn. Och net mat de gemeinsamen Ziler vun CSV an DP, déi dem zukünftege Premier Luc Frieden no jo als Kompass fir d’Verhandlungen gedéngt hunn: Aarmut, de Manktem u Wunnengen an d’Baukris bekämpfen oder d’Kafkraaft stäerken oder nach Sécherheet fir jidderee garantéieren: Och mat den Ziler vun der CSV a vun der DP wieren déi Lénk an d’ADR bestëmmt averstanen. Mee wéi de franséische Sproch et seet: «Le chemin de l’enfer est pavé de bonnes intentions» (op lëtzebuergesch: De Wee an d’Häll ass mat gudden Virsätz geluecht.)

A Punkto Kafkraaft stäerken: Jo endlech gëtt de Barème méi un d’Inflatioun ugepasst. Mee: Dat entlaascht nees déi, di méi verdéngen méi. Proportional net, mee an absolutten Zuelen dach. Well d’Pond Botter fir jiddereen d’selwecht kascht, kommen déi ënnescht Revenuen manner gutt ewech. A Punkto Logement: Endlech sollen d’Prozeduren als ee vun de graavsten Obstakelen, fir d’Offer u Wunnengen ze stäerken, erkannt gi sinn. De Prinzip vum «Silence vaut accord» bei Baugeneemegungen kéint hëllefen, datt méi séier gebaut gëtt. Datt wann net an engem gewëssenen Delai eng Autorisatioun virläit, d’Baggere kënne rullen, kann natierlech awer zu Wildwuchs féieren. Zum Beispill wann d’Administratiounen iwwerrannt an iwwerfuerdert gi vun de villen Demanden.

Den Däiwel stécht am Detail. Och wat d’steierlech Mesuren ugeet, fir den Invest an de Logement nees ze stäerken. De Bau brauch aktuell méi Projeten, mee wann et elo nach dauert, bis nei Projete realiséiert sinn, da riskéiere steierlech Virdeeler d’Demande ze stäerken, iert d’Offer gestäerkt ass an dowéinst kéinten d’Präisser explodéieren nees. Vill méi feelt am Koalitiounsaccord, datt de Staat a besonnesch d’Stater Gemeng endlech op hiren eegenen Terraine Projeten lancéieren, fir abordabele Wunnraum ze schafen an d’Aktivitéit an d’Bauentreprisen an d’Handwierk ze stimuléieren.

De Risiko ass do, och wat d’Comparution immédiate an d’Gemengepolice ugeet: Wat geschitt, wann e Gemengepolizist, dee granzeg ass wéinst den Uerder vun der Gememgemamm oder-Papp, eng Persoun viru senger Dier wéinst engem Verdacht festhält an déi Persoun lant an der Nuecht selwer virun engem Riichter, deen net frou ass, nuets am Asaz ze sinn?

Jo, et ass gutt, datt déi nei Regierung net einfach wollt weider maachen ewéi elo am Logement oder a Punkto Sécherheet oder d’Inflatioun am Barème ignoréiert. Mesurë vun der leschter Regierung sinn och schonn deels an déi Richtung gaangen a confirméieren de Sënn dovunner zum Deel. Mee wéi gesot muss déi nei Regierung elo mam Timing a mat der detailléierter Ausriichtung vun de Mesurë gutt oppassen. Well wann d’Regierung an d’Häll kennt, da riskéiert se eis all matzerappen. Et soll een der Regierung op d’mannst 100 Deeg ginn, iert een Urteel, mee e bëssen Drock a puer Virwarnunge si net vu Muttwëll.