D'CMCM: Ee flagrant Beispill wéi séier wichteg gesellschaftlech Acteuren negativ an d'Schlagzeile gerode wéinst Problemer bei hirer Gouvernance. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

De Merite vun de Mutuellen ass sonner Zweiwel hiren Asaz fir eng besser sozial Protektioun vun de Leit. D'Mutuellë waren an eiser Gesellschaft virun de Parteien oder de Gewerkschaften aktiv. Se sinn am 19. Joerhonnert entstanen, aus engem Solidaritéitsgedanken, dee vu Leit ausgaangen ass, als Schutz géint Schicksalsschléi.

D'CMCM ass bei Wäitem déi gréisste Mutuelle am Land a regruppéiert ronn 100 aner Mutuellen, vun der Arméi, der Police, der Douane, der Post, de Pompjeeën, den Eisebunner, de Gewerkschaften oder nach der Stad Lëtzebuerg, fir just déi ze nennen.

Zréck dann awer bei eist Stéchwuert "Gouvernance". Wéi ee roude Fuedem zitt sech do vun Ufank un d'Primautéit vun der Solidaritéit duerch. D'Chambre des Salariés hat et mat de Musketieren verglach. Nom Motto "Ee fir All an All fir Een".
Souzesoen als Virleefer vum "Etat providence" dem Sozialstaat also. Tja, déi gutt al Zäiten.

Haut dréit d'Welt anescht a méi séier. Do sinn d'Mutuellen, déi u sech net an der Course no Benefice sollte sinn an och keng kommerziell Aktivitéite sollten hunn. Déi Prinzippie waren zënter dem Ufank Leitmotiv am Verwaltungsrot.
D'CMCM ass awer mat de Joren ëmmer méi an direkt Konkurrenz mat den Assurancëgesellschafte geroden. An dat huet op de Management ofgefierft, bei der Gestioun a - wéi am Fall CMCM - beim Remuneratiounssystem.
D'Weeër vum wirtschaftsliberale Management - deels "sans gêne" - an de vereelzte Kontrollsystem vum Verwaltungsrot sinn auserneegedrift, bis dass et gekraacht huet.

Stellt sech och d'Fro: An d'Politik bei deem Ganzen?

D'Ministesch Martine Deprez huet mat der Rentendiskussioun an anere Volete vun der Sécurité sociale genuch ze dinn. De Fall CMCM krut se verierft  mat als eenzeger Upak, baussent der Justiz, engem Mutualitéitsgesetz, dat zwar eréischt viru manner wéi 5 Joer reforméiert gouf an awer ganz vage bliwwen ass.

Op d'mannst sinn d'Parteie sech eens, dass elo dat Gesetz méi präzis soll ginn. Besonnesch bei den Iwwerwaachungs-Attributiounen, déi de Ressortministère huet.

Bei der LSAP koume se mat der Iddi, fir Zitat "d'Selbstheilungskräfte gewäerden ze loossen" .

Et gouf do awer elo wierklech laang gewäerde gelooss. D'LSAP hat an deem leschten hallwe Joerhonnert, ausser der DP vun 1974 bis 84 respektiv vun 1999 bis 2004, exklusiv den zoustännege Ministère. Den Drock ënnert dem Deckel vum CMCM-Dëppen huet intern schonn zënter op d'mannst 2022 ganz haart gepaff. De Ministère gouf och deemools scho via Rapporten op Mëssstänn higewisen. Dat war et awer schonn.

Elo wousst d'Ministesch Deprez sech keen anere Rot méi wéi d'Denonciatioun beim Parquet. Eppes wat och hire Virgänger oder deem seng héich Beamten am Ministère vun der Sécurité sociale hätte kënnen an hätte solle maachen.

Et geet hei awer elo ëm méi wéi ëm "politique politicienne a Parteifrënn". Eng Implosioun vun der CMCM wier eng Katastroph. Hei geet et ëm déi gréisste Mutuelle am Land a mir brauche se Alleguer. An d'Diskussioun - mat och de Suergen iwwert den zweeten an drëtte Pilier - bei engem anere Suergekand, der Pensioun, ginn de Leit u sech och schonn déck duer.