
Et ass zwar wuel interessant ze héieren, wéi de Regierungschef déi aktuell wirtschaftlech a sozial Situatioun vum Land gesäit. Denke mir do nëmmen un d‘Ausso vun zejoert, datt d‘Kris am Konstruktiounssecteur eriwwer wier an de Logementsmarché sech elo erëm misst selwer reegelen. Gutt, et sinn effektiv manner Entrepreneure Faillite gaangen, ma deen dréngend néidege Boom beim Neibau gouf et awer och net.
Also jo, eng Ried zur Lag vun der Natioun ass e gudde Barometer fir ze gesinn, ob de Premier an där selwechter Welt lieft, wéi déi meescht vun eis.
Ma de wierklechen Interêt, dës Deklaratioun ze lauschteren, ass fir ze héieren, wéi eng Mesuren an den nächste Méint konkret wäerten ëmgesat ginn. Ma och do ass dem Luc Frieden säi Bilan e bëssen duerchwuess. Ech erënnere kuerz un d‘Annonce vun zejoert zur geplangter Pensiounsreform. Wärend déi zoustänneg Ministesch nach amgaange war mat hirer „breet ugeluechter Consultatioun“, huet de Premier erkläert, d‘Cotisatiounsjore géifen no an no eropgesat ginn. Dat fir de System ofzesécheren. Um Enn hat dës Annonce just fir onnéideg Konfusioun bei de Leit gesuergt, der Ministesch déi kleng Lëftchen och nach aus hire Seegele geholl an de System ass nawell net ofgeséchert.
Nach vill méi flagrant ass den Echec bei der Annonce vu virun zwee Joer, wéi de Premier erkläert huet, am Wunnengsbau géifen d‘Prozedure vereinfacht ginn. Manner Bürokratie, en eenheetlecht nationaalt Bautereglement, silence vaut accord, once only asw. Dat sinn alles Saachen, déi de Staat selwer ëmsetze kéint, fir déi et nach net emol politesch Oppositioun gëtt. Geliwwert hu Frieden a seng Ekipp trotzdeem net. Et géif ee jo mengen, et misst méiglech sinn, sech an eisem klenge Grand-Duché op e Minimum vu gemeinsame Bautereegelen ze eenegen. Et ass och kengem z‘erklären, datt dat modernt Lëtzebuerg, dat esou ultra kompetitiv a business-friendly wëll sinn an Talenter aus aller Welt wëllt unzéien, op digitalem Plang nach ëmmer do ass, wou et ass. Ech ginn dovun aus, datt hei jiddereen e pertinent Beispill am Kapp huet.
Absurderweis si bei de Prozeduren an der Konstruktioun eng vun de gréissten Hürden d‘Gemengen, déi do villes selwer decidéiere kënnen an a ville Fäll de Fortschrëtt, voire d‘Vereinfachung blockéieren. Ma och d‘CSV, déi déi meeschte Mandater an de Gemengen huet, huet et bis ewell net fäerdeg bruecht, dës mat op de Wee vu méi Effikassitéit an Transparenz ze kréien.
Eise Premier, dee jo gäre mat roueger Hand a besonne regéiert, sollt a senger Funktioun als Parteipresident vläicht emol eng Kéier mat der Fauscht op den Dësch schloen an d‘Kolleegen op Gemengenniveau drun erënneren, datt ee mat Stoebleiwen net ganz wäit kënnt. Just als Iddi.
Op alle Fall kënne mir a kaum engem Beräich esou virufueren, wéi bis ewell. Sief et am Logement, am Pensiouns- a Gesondheetssystem, bei der Aarmutsbekämpfung, beim Emploi, der Kompetitivitéit oder der Ongläichheet tëscht privatem an ëffentlechem Secteur, fir der nëmmen e puer ze nennen. An eng geplangten Tripartite dierf hei och keng Excuse sinn, fir keng Annoncen ze maachen. Et ass Zäit fir gutt Iddien, déi dann och effektiv ëmgesat ginn.