Zanter ronn enger Woch steet den 1. Escher Schäffe Pim Knaff am Mëttelpunkt vun der medialer Opmierksamkeet. Well hien iwwer 100.000 Euro un Honorairen net versteiert huet, gouf en zu enger Amende vun 9.500 Euro verurteelt. Fir déi Escher Oppositiounsparteien ass dat Grond genuch, de Récktrëtt vum Pim Knaff ze fuerderen. D'Majoritéit stellt sech iwwerdeems hannert den DP-Politiker, dee selwer vun engem Feeler schwätzt, fir deen e riichtstoe géing. Eng Affär, bei där net nëmmen de Pim Knaff net gutt ausgesäit, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Pim Knaff, deen Numm dierfte vill Leit, déi net zu Esch wunnen, scho rëm bal vergiess gehat hunn. A senge véier Joer als Chamberdeputéierten tëscht 2020 an 2024 ass den Affekot aus dem Süden nämlech net därmoossen opgefall, datt een en hätt missen an Erënnerung behalen.

De Commentaire vum Marc Hoscheid

Datt en elo duerch eng Steieraffär, där hier Ufäng op d'Joer 1996 zeréckginn, queesch uechter d'Land am Gespréich ass, dorobber hätt de Pim Knaff awer wuel gäre verzicht. Net fir näischt war e sech mam Parquet doriwwer eens ginn, d'Urteel diskret ze behandelen. An och elo, nodeems d'Geschicht duerch een Artikel vu reporter.lu un d'Ëffentlechkeet komm ass, mécht de Pim Knaff sech extrem rar an huet no siwe Joer am Schäfferot d'hënnescht Dier vun der Escher Märei fir sech entdeckt.

Ma well aner Lokalpolitiker eppes an d'Mikroe soen, ass gewosst, datt de Pim Knaff zwar vun engem Feeler schwätzt, awer net fënnt, datt deen en Impakt op seng politesch Zukunft muss hunn. En hätt en nämlech net a senger Funktioun als Politiker, mä als Privatpersoun begaangen. An effektiv ënnerscheet sech de Fall Knaff do vun aneren aus der rezenter Vergaangenheet, wéi zum Beispill der Gaardenhaischenaffär ronderëm den deemolege gréngen Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini.

Et geet also hei net ëm eng politesch Affär. An och juristesch ass kloer, datt de Pim Knaff säin Amt behalen duerf. Seng Condamnatioun ass nämlech net esou grave, datt e seng Eligibilitéit verluer huet. A well mer zu Lëtzebuerg an engem Rechts- an net an engem Moralstaat liewen, huet de Pim Knaff dowéinst och d'Recht, säi Posten ze behalen. Och d'Diskussioun, ob e manner Stëmme bei de Gemengewale kritt hätt, wann d'Leit am Virfeld vun der Condamnatioun gewosst hätten, ass reng theoretesch an net ze beäntweren. Vläicht fanne liberal Wieler et jo gutt, wann ee Politiker seng Sue léiwer selwer behält, amplaz se deem nervege Staat ze ginn, dee se souwisou just fir iwwerdeiert Projeten oder Promo-Videoe vu Ministeren zur Fënster rausgeheit oder, nach schlëmmer, domadder Leit ënnerstëtzt, déi am Géigesaz zu engem Affekot kenger haarder Aarbecht noginn.

Net gewosst ass iwwregens och, wéi d'Wieler vun der CSV an deene Gréngen et fannen, datt déi zwou Parteien dem Pim Knaff de Réck stäipen. Op d'mannst déi Gréng Politiker hu sech scheinbar mussen iwwerwannen, ëmmerhin hätte si et anescht gemaach, wann et een aus hire Reie betraff hätt. Dat seet op mannst de grénge Schäffe Meris Sehovic. An do si mer da rëm an der Theorie. Praktesch hätten déi Gréng duerchaus fuerdere kënnen, datt de Pim Knaff säi Posten opgëtt. Mä domadder eng Koalitioun op d'Spill setzen, un där een ëmmerhi bal eng hallef Walnuecht laang gedoktert huet, dat wier dann awer e bëssi ze vill des Gudde gewiescht. Prinzippie si jo schéin a gutt, mä sou ee Posten am Schäfferot ass dann awer nach e bëssi besser. An do passt da rëm kee Blat Pabeier tëscht de Meris Sehovic an de Pim Knaff. Soll also kee soen, déi Escher Schwaarz-blo-gréng Koalitioun hätt keng gemeinsam Visioun: bis 2029 zesummenhalen. Bis dohinner leeft jo nach vill Waasser d'Uelzecht erof a vläicht hunn déi Escher bis dohin zwar net dem Pim Knaff säin Numm, mä op mannst seng Affär vergiess.