Mat den neien Elektro-Primme behält de Maart de Schnapp

D‘Elektro-Ziler sinn ambitiéis an d‘Richtung ass kloer definéiert. Ma d‘Stëmmung op europäeschem Niveau ass grad bëssen dréif.
Och hei am Land evoluéieren d‘Venten elo schonn net méi sou wéi politesch gewënscht. D‘Changementer bei de Primme wäerten nom Oktober hiren Deel dozou bäidroen, datt de Maart säi Schnapp à court terme net lass gëtt.
Zum Sënn oder Onsënn vun der Elektromobilitéit ass wuel op alle Comptoiren alles verzaapt an an allen Internetforen alles gekrozelt. Eng eenzeg Wouerecht schéngt et wéi sou dacks net ze ginn. Dont acte.
Aktéiert ass awer och, datt d‘Elektromobilitéit fir d‘Politik e Puzzle-Stéck am Kampf géint de Klimawandel ass, datt d‘Trajectoire international festläit an datt d‘Lëtzebuerger Politik net dolaanscht kënnt, d‘Transitioun vun de Kollwen eriwwer bei d‘Batterie virun ze dreiwen.
Ma lo waart op de Lëtzebuerger Koppen eng schwiereg Tëschenetapp: Bis 2030 soll den hallwe Fuerpark elektresch sinn, sou wëll et d'Politik.
Dat ass net méi realistesch, soe scho méi laang Vertrieder aus der Autosbranche. Mat Bléck op den däitschen Zenario war d‘Angscht am Secteur grouss, datt bei de staatlech Hëllefe ganz de Stecker gezu ginn.
Nee: D‘schwaarz-blo Regierung mécht e Kompromëss. D‘staatlech Fërderung bleift, ass awer manner héich an d‘Krittär gi méi strikt.
U sech ass déi Philosophie net verkéiert. Allerdéngs wäert se dozou bäidroen, datt d‘Elektro-Ventë sech weider wäerte schwéier doen, d‘Kellertrap erop ze kommen. Déi déck Subventioun geet vun 8- op 6000€ erof an ass just nach fir besonnesch spuersam Gefierer reservéiert, virun allem kleng Autoen.
Datt een deen elo 3 Joer muss halen, amplaz 1 Joer evitéiert zwar Abusen, schreckt awer Leit of, déi sech net sécher sinn, wat an 3 Joer hir Besoine sinn an déi Inconnuë beim Wäertverloscht fäerten.
D‘Occasiouns-Primm ass zwar eng gutt Iddi. Allerdéngs ass et net kloer, op déi kuerzfristeg wäert en Impakt hunn, well den elektreschen Occasiounsmaart hei am Land nach marginal ass an och net vun haut op muer eng Roll wäert spillen.
Donieft stelle sech bei de gebrauchte Ween Froe vun Organisatioun a vum Cumul vu Primmen. Den neie Regime wäert wuel den aktuellen elektresche Leasing-Boom impaktéieren. De Modell war bis elo einfach. D‘Leasingfirma stécht d‘Primm an an de Client kritt wärend 2 Joer niddereg Mensualitéiten.
Datt d‘Autoe nom Enn vum Leasing meeschtens am Ausland landen. Do gouf bis elo driwwer wech gekuckt. Fir d‘Statistik vun den Neiween ze tunen, war dee System eng fei Saach.
Eng Inconnue ass déi, datt an Zukunft quasi exklusiv elektresch Firmeween wäerte gefërdert ginn. Do ass net kloer, ob dat de Marché ukierpt oder op Salariéen an Zukunft net méi sou staark vun dësem Avantage en nature wäerte profitéiere wëllen.
Net ze vergiessen: de Bléck iwwer d‘Lëtzebuerger Grenzen ewech. An Europa punkte grad politesch Forcen, déi net fir d‘Elektromobilitéit stinn. Och zu Bréissel wackelt d‘Feuille de route an éischt Constructeuren huelen déi al Rezepter erëm aus dem Tirang.
Et bleift ofzewaarden, wéi séier nach besser a méi gënschteg E-Gefierer op de Maart kommen a wéi huerteg eng wierklech effikass Lued-Infrastruktur steet.
Europäesch Stroftaxe fir chineesesch Gefierer kéinten d‘Offer um Maart impaktéieren.
D‘Elektromobilitéit wäert sech héchstwarscheinlech duerchsetzen, well déi asiatesch Mäert an hir Constructeuren d‘Richtung uweisen an dat ëmmer méi. An Europa an zu Lëtzebuerg hëlt de Batterien-Auto an der géier Biergetapp grad Loft. Bis op de Sommet ass ass et nach e Strapp ... an den Akku ass hallef platt.