Patriarchal Gewalt um Héichpunkt: "Am Numm vun all de Fraen..."

Zanter Ufank September leeft zu Avignon de grujelegen “Prozess vu Mazan*”. 51 Männer sti virun Geriicht, well se d’Gisèle Pélicot vergewaltegt hunn, wärend si droguéiert a vun sech war.
Hiren eegene Mann ass dofir responsabel. Iwwer 200 Vergewaltegungen an 10 Joer. Vill Täter stelle sech elo als Affer duer oder soen carrement, de Mann hätt hinnen et erlaabt. Alt nees e Beispill fir d’Gewalt vum Patriarchat. Eng Joerhonnerten-al Gewalt, déi nach ëmmer net gebrach ass, fënnt d’Annick Goerens haut an sengem Commentaire.
Am Ganze waren op de Videoen 72 Männer ze gesinn, déi de Kierper vun der haut 72-Joer aler Fra violéiert hunn. Just 51 konnten identifizéiert ginn. Si stinn wéinst Gruppe-Vergewaltegung viru Geriicht. Opgefall ass dat eréischt, well den Mann vum Affer 2020 an engem Supermarché erwëscht gouf, wéi hie Fraen ënnert d’Juppe gefilmt huet an ee couragéierte Sécherheetsbeamten de Mann zur Ried gestallt an d’Police geruff huet. Du goungen 2 Joer Enquête un.
An elo sti se do ... déi Männer viru Geriicht a se kéinten net méi banal sinn. E Pompjee, e Journalist, e Chauffeur, e Giischtjen, een Infirmier, ee Gemengen-Conseiller etc. Et kéinten eis Pappe sinn ... eis Bridder, eis Monnien, eis Kolleegen, eis Frënn, eis grouss Léift.
Eng Realitéit, déi vill Leit net wëlle gesinn.
Een vun den Accuséierten huet sech am Prozess entschëllegt. Déi meescht ginn allerdéngs op de Wee, sech selwer als Affer duerzestellen. Si wiere sexuell frustréiert gewiescht, si hätte gemengt, d’Fra hätt just gespillt, dass si géing schlofen oder si hätten jo awer d’Erlabnis vum Mann kritt. Eng Fra steet schliisslech ënnert hirem Mann. Déi patriarchalesch Hierarchie ass respektéiert.
Wéi mann muss d’Fra an den Ae vun deene Männer wäert sinn?
Wéi vill Haass op dat anert Geschlecht ass do?
Wéi vill Onsécherheet vu ville Männer suergt hautdesdaags fir Haass op Fraen?
De Femizid vun der Olympescher Marathon-Leeferin Rebecca Cheptegei ass just e rezent, prominent Beispill. Et ginn der Dausenden. All Dag. An op ville Plaze klammen d’Chiffere vun haislecher Gewalt an et muss ee sech froen:
Wat ass do lass?
Wéi kann dat haut nach ëmmer sou sinn?
Ech hunn es sat, dass ech all Dag muss iergendwou liesen, dass nees Fraen attackéiert, vergewaltegt, gekidnapped oder ëmbruecht goufen.
All Dag.
191 dat ass d'Zuel u Plainten, déi zejoert hei am Land wéinst Vergewaltegunge gemaach goufen: 3-4 Plainten d'Woch. Ech sinn rosen an ech sinn enttäuscht, well sech nach ëmmer näischt geännert huet.
Am Prozess zu Avignon schéngt extrem gewalttäteg Pornographie een Denominateur commun gewiescht ze sinn. Déi meescht gesinn hire Problem awer net an. Mol net viru Geriicht. Mol net virun den Ae vum Gisèle Pélicot. Wat e Courage déi Fra huet, fir den Huis clos vum Geriicht ze refuséieren an deementspriechend nach eemol all déi ellen Detailer virun der ganzer Welt mussen oppen ze leeën.
Allerdéngs gesinn ech en weideren Denominateur commun: nämlech d'Männer. D'Gewalt an eiser Gesellschaft geet zum gréissten Deel vu Männer aus. Iert der elo vill jäizen: Sexismus. Nee, ech geheien d'Männer natierlech net all an een Dëppen, mee an de soziale Medien gouf et gutt op de Punkt bruecht: #notallmen #butalwaysmen. Net all d'Männer, mee ëmmer Männer.
Déi Masse-Violen a Frankräich weisen och ganz däitlech, wéi wäit d’Kultur vun der Vergewaltegung awer an eiser Gesellschaft verankert ass. Wéi normal et fir esou vill Männer war, einfach “Jo” ze soen a sech net ze hannerfroen. Die Banalität des Bösen vun der däitscher Philosophin Hannah Arendt, kënnt mer an de Kapp, wann ech mech duerch d’Detailer vum Prozess kämpfen. D’Autrice stellt d’Mediokritéit vun deenen déi “Béises” maachen an de Mëttelpunkt. Si iwwerleeën net, iwwerhuelen keng Verantwortung. Déi englesch Feministin a Schrëftstellerin Virginia Woolf schreift an hirem Buch Three Guineas, dass d’Patriarchat doheem dat ass, wat de Faschismus dobaussen an der Welt ass. An ech muss d'Fro stellen:
A wei wäit sinn rietsextrem Parteien - déi toxesch Männlechkeet weider verbreeden an de Kult vum Alpha-Déier héich halen - mat fir dës Gewalt an dës Vue op d'Frae responsabel?
Firwat gi mer zeréck an der Zäit? Hunn d'Männer Angscht hir Privileegien ze verléieren?
D'Incel**-Communautéit, déi ëmmer méi grouss gëtt, ass e weideren Defi fir d'Fraen an eiser Gesellschaft.
D'Politik muss dat thematiséieren a géigesteieren. Gläichzäiteg mussen d'Strofen fir de Viol an d'Luucht gesat ginn. An mir brauchen Konsequenzen. Visibel Konsequenzen an Egalitéit op alle Niveauen. Quoten, well et der brauch. Safe spaces, well et der brauch. Staark Fraen well et der brauch.
*Dat ass de Numm vun der Gemeng am Departement Vaucluse, wou d’Faite geschitt sinn.
**INCEL steet fir "involuntary celibate". Et ass eng Internet-Subkultur, déi an den USA entstanen ass, wou heterosexuell Männer, déi modern Fraen dofir verantwortlech maachen, dass si eleng sinn. Si si Supporter vun der Ideologie vun der Hegemonie vu Männer.