"D'Inclusioun huet hir Limitten" - dat war e Saz, deen een am Zesummenhang vun der Rentrée ëmmer nees héieren huet.

Vu Gewerkschaften, awer och vum Bildungsminister. E Saz, mat deem d'Rechter vu ville Kanner a Fro gestallt ginn. Dobäi muss ee sech éischter d'Fro stellen, ob Inclusioun iwwerhaapt ëmgesat gëtt zu Lëtzebuerg, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Fanny Kinsch

Villen Enseignantë geet et schlecht an ee Grond dofir ass d'Inclusioun. Dat ass de Message vun den Enseignantsvertrieder, och wann nuancéiert gëtt, datt net all Kand vun der Inclusioun misst ausgeschloss ginn. Just déi sougenannte "Systemsprenger", déi Schwieregkeeten hunn, sech wéi erwaart ze behuelen, beschriwwe gi Kanner, déi just kräischen a jäizen oder ofrappe géingen. Dofir missten déi Kanner eraus aus der Schoul.
 
Et ass e komesche Reflex: Hei gi Kanner beschriwwen, deenen et jo offensichtlech net gutt geet an der Schoul. Et gëtt awer net driwwer nogeduecht, wéi een d'Schoul ka gestalten, fir dass d'Kanner sech méi wuel fillen. Et gëtt gefuerdert, datt nach méi Kanner aus der Schoul erausgeholl ginn. Well et gi scho vill Kanner aus der Schoul geholl mam aktuelle System.
 
D'Zil vun der Inclusioun ass, Kanner mat Behënnerung hiert Recht op Bildung ze garantéieren. Och wann hei léiwer vu Kanner mat "spezifeschen", oder och mol "speziellen" oder "extrae" Besoine geschwat gëtt. De Lëtzebuerger Schoulsystem bleift awer dorop ausgeriicht, op d'mannst en Deel vun de Kanner mat enger Behënnerung aus der sougenannter "Reegelschoul" erauszehuelen.
 
Aktuell gëtt et nieft der Reegelschoul en Netz aus Kompetenzzenter a mobillen Ekippen, déi fir d'Inclusioun zoustänneg sinn. Wann dat spezialiséiert Personal direkt an de Schoule wier, kéint ee sécher méi séier op d'Besoine vun de Schüler agoen, wann d'Enseignanten un hir Grenze stoussen. Quitt dass ee sech och kéint froen, firwat Kanner eréischt ka gehollef ginn, wa si eng offiziell Diagnos hunn, wat eben och ouni administrativ Komplikatiounen net onbedéngt sou séier geet. Bei esou engem Parallelsystem kann ee sou wéi sou net wierklech vun Inclusioun schwätzen.
 
Wann e Kand an engem Kompetenzzenter am Plaz an der Reegelschoul beschoult gëtt, kann ee jo reng physesch net vun Inclusioun schwätzen, och wann d'Kand vläicht Alibi-méisseg een Dag an der Woch a "seng" Klass geet. Ma och beim Encadrement duerch spezialiséiert Personal vu baussen an der Klass ass net onbedéngt eng Inclusioun garantéiert. Wann en Enseignant säi Cours fir 19 Schüler hält an ee Schüler zwar am selwechte Raum ass, awer vun engem Expert anerwäerts beschäftegt gëtt, ass dat och keng Inclusioun.

En inklusiven Unterrecht ass differenzéiert, geet op d’eenzel Schüler an, ob mat oder ouni sougenannte "spezifesch Besoinen", an hëlleft de Schüler, sech géigesäiteg ze hëllefen a vuneneen ze léieren. Dovunner profitéieren d'Kanner alleguer. Et geet net drëm, dass all Kand dat selwecht kritt, mä dass all Kand dat kritt, wat et brauch.
 
Dat schléisst natierlech net aus, datt et emol Kanner ginn, déi eng akut psychiatresch Behandlung oder eng Therapie brauchen an och en adequaten Accès dorop mussen hunn. Et wier och sënnvoll, Guidelines fir Krisesituatiounen auszeschaffen, fir dass d'Enseignanten net op sech eleng gestallt sinn. Eng besser Vernetzung tëschent Schoul an Acteuren aus dem Sozialen an dem Gesondheetswiese kéint och hëllefen. Sécher ginn et Situatiounen, an deenen Enseignanten un hir Grenze stoussen. Et ass keen einfache Beruff. Et ass awer net an der Rei, der Inclusioun an domat de Kanner dorun d’Schold ze ginn an hir Rechter a Fro ze stellen. Ëmmerhin sinn d’Enseignantë fir d’Kanner do an net ëmgedréint.