Netzkäschten: Kommunikatioun ass alles

A manner wéi dräi Méint gëtt eng nei Tarifstruktur bei den Netzkäschte vum Stroumreseau agefouert. Am Kloertext: wien d’Stroumnetz méi belaascht, dee wäert vum anere Joer un och méi bezuelen. Dat traut sech awer keen de Leit esou richteg ze soen. Vläicht well et ënnert anerem déi trëfft, déi hiert Konsumverhalen esou geännert hunn, wéi d’Politik et gär gehat hätt. En Tëscheruff vum Claude Zeimetz
Wann d’Skepsis géintiwwer der Elektromobilitéit gefillt ëmmer méi grouss gëtt, da kënnt et natierlech net gutt un, wann ënnert anerem dës Leit, déi hiren Elektroauto owes doheem oplueden vum 1. Januar u méi fir d’Belaaschtung vum Stroumreseau bezuele mussen. Dat selwecht gëllt fir d’Stéit, déi mat enger Wärmepompel hëtzen. Fir si wäerten d’Netzkäschten d’nächst Joer awer wuel e bësschen an d'Luucht goen. Besonnesch wa parallel nach vill aner Elektroapparater lafen. Mä no baussen gëtt léiwer drop gedréckt, datt fir de Gros vun de Leit d’nächst Joer näischt ännert. Dat ass intellektuell einfach net éierlech wann d'Zil vun der neier Tarifikatioun "Verursaachergerechtegkeet" soll sinn. Da muss et fir déijéineg, déi d'Netz méi belaaschten logescherweis och méi deier ginn.
Fakt ass d’Eletrifikatioun, op där d’Energietransitioun zu engem groussen Deel baséiert, ass eng Erausfuerderung fir d’Stroumnetzer a wäert de Reseau an den nächste Joren ëmmer méi belaaschten. Méi Belaaschtungen, dat bedeit logescherweis méi Käschten an en Netz, wat et iergendwann net méi packt. Et géif ee sech wënschen, datt d’Leit hiert Verhalen esou änneren, hire Stroumverbrauch esou iwwert den Dag verdeelen, datt den Netzausbau esou laang wéi méiglech decaléiert ka ginn, soten déi Responsabel vum ILR, dem Institut de Régulation en Donneschdeg de Moien. Mä da muss een de Leit awer och soen, wat se konkret ännere kënnen. Ganz einfach zum Beispill den Auto net mat voller Puissance lueden. Mä dat geschitt bis elo bäi wäitem net genuch. D’Sensibiliséierung limitéiert sech bis elo op e Video an Informatiounen um Internet. A fir de Rescht gi Politik an Netzbedreiwer léiwer Mol nach op Tauchstatioun. Hu se ieren Angscht mat kritesche Stëmmen konfrontéiert ze ginn? Oder en Ouer gemaach ze kréien, well engem seng Stroumrechnung méi deier ginn ass? All Zäit war keen vun hinnen en Donneschdeg de Moien op der Pressekonferenz derbäi. Wann ee wëll, datt d’Energietransitioun vun de Leit mat gedroe gëtt, ass dat heiten e gutt Beispill, wéi een et am beschten net mécht.