D'Gewerkschafte si prett, fir sech nach emol mam Aarbechtsminister Georges Mischo zesummenzesetzen an iwwer den Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg ze diskutéieren.

D'Konditioune bleiwen awer déi selwecht wéi schonn an der Reunioun vum Comité permanent du travail et de l'emploi, deen d'Gewerkschafte viru gutt 14 Deeg verlooss haten. Si fuerderen, datt si weiderhin d'Exklusivitéit behalen, fir Kollektivverträg ze verhandelen. Dat Messer, dat den Aarbechtsminister also mengt op der Broscht ze hunn, dat bleift, kommentéiert d'Dany Rasqué.

Commentaire vum Dany Rasqué

Fir déi eng ass et e Messer fir déi aner sinn et einfach just rout Linnen, un deene si weider festhalen. Wuel kaum fir de Minister ze terroriséieren, mä fir d'Rechter vun de Salariéen ze schützen. 
 
Datt een d'Gewerkschafte mat hirer Erfarung, hirem juristeschen Know-How an hirem laangen Otem brauch, fir uerdentlech Kollektivverträg ze verhandelen, dat misst an Tëschenzäit jidderee verstanen hunn an datt op d’mannst Deeler vum Patronat léiwer hätte se wieren d’Gewerkschafte lass, dat ass och ukomm. 
 
Dofir huet d'Handwierkerfederatioun och direkt no de Sozialwalen dovunner profitéiert, fir d'Resultat op hir Manéier z'interpretéieren an - Iwwerraschung - si war deemools zur Conclusioun komm, datt den OGBL an den LCGB just marginal Phenomener sinn an datt et e politescht Mandat géif ginn, de legale Kader esou unzepassen, datt et méiglech ass, an de Betriber - an Zesummenaarbecht mat der Personaldelegatioun - kënnen driwwer ze diskutéieren, wéi d'Aarbecht an d'Aarbechtszäite kënnen organiséiert ginn.
 
Elo bitt sech mam Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg d'Geleeënheet, fir d'Gewerkschafte kleng ze kréien.
 
De Minister schéngt scho beim Patronat am Boot ze sëtzen. Och hien ënnersträicht, datt d'Majoritéit vun den Delegéierten neutral sinn, vergësst dobäi awer e puer Saachen. 
 
Éischtens déi wichteg Prezisioun, datt d'Gewerkschaften däitlech méi staark an deene grousse Proporzbetriber iwwer 100 Leit vertruede sinn, wou mat 236.000 Salariéen duebel sou vill Leit schaffe wéi an deene klenge Majorzbetriber, wou d'Syndikater méi schwaach sinn. 
 
Zweetens vergësst hien ze soen, datt d'Zuel vun den "Neutralen" am Verglach zu 2019 ëm 2,4 Prozent zeréckgaangen ass an drëttens schéngt hien net drun ze denken, datt een zwar op enger neutraler Lëscht kandidéiere kann, mä duerchaus Member an enger Gewerkschaft ka sinn. 
 
Wann de Georges Mischo de Gewerkschaften näischt wéilt ewech huelen, hätt hien dat ganz einfach an de leschte 14 Deeg kéinte soen, vis-à-vis vun de Gewerkschaften oder vis-à-vis vun de Journalisten, déi ëmmer erëm nogefrot hunn.
 
Mä wat een dem Georges Mischo méi nogelauschtert huet, wat ee sech méi Froe gestallt huet. An engem an deem selwechten RTL-Interview sot hien "ech hunn de Gewerkschaften näischt ewech geholl", fir puer Minutten drop ze soen, "ech hunn de Gewerkschaften nach näischt ewechgeholl". Eng wichteg Nuance.

En Dënschden de Mëtteg an der Chamber hätt een dunn een Ament kéinte mengen, de Georges Mischo hätt elo alles kloer gestallt. Op eng Fro vum Parteikolleeg Charel Weiler huet hie geäntwert, hien hätt "ni gesot, d'Gewerkschafte géifen hire Monopol ewechgeholl kréien".

An awer zweiwelt een erëm direkt, well hien dat trotz Nofro och ni dementéiert huet an datt eppes am Bësch ass, dat huet um Enn de Vott iwwer d'Motioun vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard gewisen. Deen Text gouf net ugeholl, well d'Regierungsparteie sech un engem Wuert gestéiert hunn. D'DP an dunn och d'CSV konnten net matdroen, datt vun der "exklusiver" Roll vun de Gewerkschafte bei Kollektivvertragsverhandlunge Rieds goung an domadder si mer erëm bei de roude Linnen an dem Messer op der Broscht.