Medienerzéiung: e fromme Wonsch

© RTL
Esou kuerz virun der Pensioun kuckt een no vir an et plangt een. wat een esou alles kann nohuelen, firwat ee sech elo méi Zäit soll huelen.
Et kuckt een awer och no hannen. Et kuckt een zum Beispill zréck op säi Beruff.
Wéi ech Enn den 80er bei RTL um Radio ugefaangen hunn, do souze mer nach an der Villa Louvigny.
Fir an d'Studioen huet een missen duerch de Sall vum RTL-Orchester an dono erop an den Tuerm. Et huet ee misse waarden, dass déi zwee vun der Fréischicht fort waren, fir e Pult an eng fräi Schreifmaschinn ze ergatteren. International Nouvellen koumen iwwert den Ticker . Et huet een nach mat Tounbänner geschafft a 15 Kilo schwéier Maschinnen duerch d'Géigend geschleeft. D'Invitatioune koumen gréisstendeels nach via d'Post an de Fax eran.
Et gouf nach déi traditionell Zeitungen am traditionelle Format. D'national Noriichten op der Telé waren eemol d'Woch den Heielei.
Nom Jean Octave huet d'Famill de Sonndesbrot verdaut.
An dunn ass et op eemol ganz séier gaangen. Computer, E-Mail, dat ganzt Digitaalt, sozial Medien a sou weider. D'Radioslandschaft gouf liberaliséiert, d'Noriichten op der Telé koumen all Dag, d'Zeitungen goufen am eegenen Haus vum Internet kannibaliséiert. Editiounshaiser hunn deels blann geschoss mat Editiounen op franséisch a gratis Blieder.
No zwou Woche Congé huet ee labber 3.000 E-Mailen um Computer.
Et gëtt een als Redaktioun gedriwwen, net just vun der direkter Konkurrenz, mä virun allem och vun der Flut un Informatiounen, déi dagdeeglech op een erabrécht. De Publikum wëll d'Aktualitéit direkt, faarweg a virun allem kuerz a knackeg zerwéiert kréien. D'Zäit fir den Tri an de Recul gëtt erdréckt. Ween huet nach Zäit fir laang journalistesch Aarbecht iwwer Hannergrënn.
Da kommen och nei Moyenen, fir Biller a Videoe selwer ze produzéieren a massiv ze verbreeden, ob den Inhalt d'Strooss hält oder net, Fake-News kommen och gutt un. Aus Meenunge gi Fakten, méi oder manner verstoppte Reklamm gëtt Informatioun.
D'kënschtlech Intelligenz rëselt et nach weider duercherneen
Do ass et fir jiddereen schwéier alles ze sortéieren.
Virun allem awer fir déi Jonk. An et soll een dann och bei hinnen usetzen, sech kritesch mat all Zort vu Medien an Informatiounen auserneen ze setzen an de Sënn vun deem, wat verbreet gëtt, ze hannerfroen.
Wa mer eis d'Zil gesat hunn, aus de jonke Leit mëndeg Bierger ze maachen, dann komme mer net laanscht konsequent Medienerzéiung a Mediekompetenz an der Schoul, an och soss.
Mä dat wäert och weider e fromme Wonsch bleiwen. Schonn 2010 war dat Ganzt Sujet am Joresrapport vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand an et war deemools och Ophänkert fir eng Aktualitéitsdebatte an der Chamber ...
Wéi gesot 2010.
Alt nees gutt geschafft.
D'Politik huet et awer ëmmerhin fäerdegbruecht, dass et Ouschteren 2025 keen Handy méi an de Klassesäll vun der Primärschoul soll sinn. Bei de Lycéeën ass ee sech nach net schlësseg.
Do ass nach Sputt no uewen