Méi Asaz fir oppe Grenzen

D‘Méiglechkeet sech bannent dem Schenge-Raum fräi ze beweegen, ass eng vun de Grondfräiheeten a warscheinlech ee vun de gréisste Meritte vun der Europäescher Unioun.
Ma zanter e puer Méint mécht virop Däitschland erëm Kontrollen op senge Grenzen. D‘Maxime Gillen freet sech a sengem Commentaire, wéini eis Regierung wëlles huet, endlech wierklech eppes dogéint ze ënnerhuelen.
De Fait, datt all Mënsch bannent Europa sech fräi ka beweegen an iwwert Grenzen ewech ka wunnen, schaffen, akafen a reesen, ass net selbstverständlech. Dofir hunn an der Vergaangenheet vill Leit vill geschafft. Wat jidder eenzele vun eis doduerch gewënnt, ass awer onbezuelbar. Eleng dowéinst misst eis Regierung sech mat all hire Moyenen dofir asetzen, datt eis Nopeschlänner ophalen, dës Fräiheet systematesch anzeschränken. An do geet et offensichtlech net méi duer, bei den Homologen ze biedelen, dach wannechgelift mat deenen Dommheeten opzehalen. Op d‘mannst net bei deenen Däitschen. Weder de Kanzler Olaf Scholz nach d‘Inneministesch Nancy Faeser ware grouss beandrockt vun den Interventioune vu Frieden a Gloden.
Den nächste Schrëtt wier deemno sech offiziell bei der Europäescher Kommissioun ze beschwéieren. Déi ass schliisslech responsabel, dofir ze suergen, datt sech un d‘Accorde gehale gëtt. An datt méintelaang systematesch Grenzkontrollen net am Sënn vum Schengen-Accord sinn, ass méi wéi offensichtlech. Virun allem, well se nach net emol eppes bréngen. D‘Argument ass jo, datt domat sollen déi irregulär Migratioun limitéiert an aktuell terroristesch Menacen, genee wéi grenziwwergräifend Kriminalitéit reduzéiert ginn. Elo kucke mir dat Spill jo schonn eng ganz Rei Méint no. Besonnesch effikass waren déi däitsch Kontrollen an deem Beräich definitiv net. Bis ewell goufe ganzer 49 Persounen net an d‘Land era gelooss. Déi franséisch Kontrollen hunn net vill méi bruecht, ma déi maache se op d‘mannst net op den Haaptachsen zu den Haaptverkéierszäiten.
Déi eenzeg Auswierkunge vun den däitsche Kontrolle sinn negativ. Negativ fir déi Zéngdausende Frontalieren, déi sech de Stau, deen doduerch entsteet, all Dag mussen undoen. Negativ fir d‘Commercen op béide Säiten, déi doduerch Aboussen hunn. A virun allem nohalteg negativ fir den europäesche Projet, fir déi grouss Iddi vun engem Europa, an deem mir eis fräi beweege kënnen.
Dowéinst verwonnert déi Lëtzebuerger Retizenz, fir sech anstänneg ze wieren. Där aktueller Regierung läit jo anscheinend esou vill un der Wirtschaft. D‘Frontaliere sinn net nëmme "systemrelevant" a verschiddene Secteuren, wéi mir spéitstens zanter Corona wëssen, si besetzen och méi wéi 50 Prozent vun all nei geschaafte Plazen. Wëllt e Betrib zu Lëtzebuerg also wuessen, brauch e Leit aus der Groussregioun. An déi loossen sech déi Dommheeten do jo och net éiweg gefalen. Déi Zäit am Trafic ass schliisslech Liewenszäit, déi een definitiv méi sënnvoll kéint notzen. Do mussen d‘Mënz scho vill besser sinn, fir sech dat nach unzedoen. Just si se dat ëmmer manner, a grad dowéinst sinn deene jonke Generatioune Fräizäit, respektiv Zäit mat Famill a Frënn, ëmmer méi wichteg. D‘Zuel vun de Frontalieren aus Däitschland an der Belsch ass elo schonn amgaangen, zeréckzegoen.
D‘Argumenter sinn also alleguer do, ideologesch, politesch a wirtschaftlech. Elo feelt just nach den decidéierten Asaz vun eiser Regierung. Et gëtt déck Zäit.
An der Chamber ass och eng Aktualitéitsstonn zu deem Theema, ugefrot vun der LSAP.