Commentaire vum Claudia KollwelterKultur-Caféë brauche méi Unerkennung!

Claudia Kollwelter
Zwee Caféen an der Stad feieren dësen, respektiv nächste Mount, ronn Gebuertsdeeg. Zwee Lokaler, an deenen een d'ganzt Joer iwwer eng villfältegt a variéiert Kulturoffer gebuede kritt. Plazen, déi op kee Fall ausstierwen dierfen an dofir och vill méi missten ënnerstëtzt ginn, mengt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

Commentaire vum Claudia Kollwelter

Well et sinn a mengen Ae genee déi Plazen, déi d’Stad lieweg halen, déi Kultur bei d’Leit bréngen, amplaz datt d’Leit spezifesch musse Kultur siche goen. Ob Concerten, Jam-Sessions, Stand-Up-Comedy, Quiz-Owender oder Liesungen - op der Biederplaz gëtt dëst elo scho 15 Joer ugebueden, an der Helleg-Geescht-Strooss ginn et elo 10 Joer. Fir nëmmen zwee konkret Beispiller ze nennen - et ginn der wuel méi an och net just an der Stad, mee uechtert d’Land.

Plazen, déi fir vill Leit net méi ewechzedenke sinn an déi souwuel fir Kënschtler wéi och fir Kultur-Interesséierter vun enormer Valeur sinn. Déi kleng Büne bidde manner erfuerenen Artisten d’Méiglechkeet, Erfarungen ze sammelen, ma se sinn awer och d’Geleeënheet, fir einfach eng Intimitéit zum Beispill vun engem Concert ze schafen, déi a grousse Säll esou guer net méi méiglech sinn.

Alles souwäit schéin a gutt. Mee d’Organisatioun vun all deenen Evenementer kascht net just Zäit mee och Geld. Wann een dann awer bedenkt, datt et genee op sou Plazen ass, wou een dacks fir näischt oder wierklech net vill Suen an de Genoss vu Musek, Theater oder soss Kultur ka kommen, ass ee sech séier bewosst, datt déi Rechnung net wierklech opgoe kann. An dat ass net just schued, dat misst menger Meenung no geännert ginn.

Kuckt ee bei eis Noperen a Frankräich an an der Belsch gesäit een, et geet och anescht. Scho bal 10 Joer laang gëtt et fir genee esou Caféen, déi Kultur ubidden, eng Ulafplaz, deen e Fong vun Aidë geréiert. Finanzéiert gëtt de Fong vum Kulturministère.

Zu Lëtzebuerg gouf et am Kader vun der Covid-Pandemie an de Repercussiounen dovunner 2021 eng Aide vum Kulturministère fir kulturell Caféen. De Subside vu 40.000 Euro war natierlech u gewësse Krittäre gebonnen. Zum Beispill huet de Café schonn op d’mannst fënnef Joer missen existéieren an eng zolidd Erfarung am Beräich vu kulturellen Evenementer opweises hunn.

An genee esou eng Aide misst a mengen Aen, wéi eis franséisch a belsch Noperen et maachen, d’ganzt Joer iwwer méiglech sinn an net just gebonnen u Krisen an als zäitlech limitéiert Ënnerstëtzung.

D’Museker, d’Kënschtler oder d’DJen, déi an de Caféen optrieden, kéinten op déi Manéier uerdentlech bezuelt ginn, ouni datt de Wiert säi ganzt Akommes dofir muss ausginn. D’Offer géif doduerch och vläicht nach méi grouss ginn, well och nach aner Caféen op de Wee géife goen, fir Kultur unzebidden, déi sech bis elo aus finanzielle Grënn net gewot hunn. D’autant plus géif och méi e breeden an diverse Public an de Genoss vu Live-Musek an änlechem kommen.

Et ass kee Geheimnis, datt deen een oder aneren nach ëmmer Beréierungsangscht huet, wann et drëm geet, an den Theater oder Musée ze goen. Kultur am Café heescht also och en anere Public, fir Konscht, Musek an esou weider ze sensibiliséieren an ëm d’Geleeënheet ginn, an engem aneren, méi geloossene Kader Kultur ze genéissen.

Back to Top
CIM LOGO