"Wéi laang muss du nach goen?"

Den Ament gëtt iwwer eng Pensiounsreform diskutéiert. Dës Woch gouf et hei um Radio dozou direkt zwee Face-à-Facen. Eng Pensiounsreform ass e ganz delikate Sujet. Den aktuelle Lëtzebuerger Rentesystem ass esou gutt, datt déi Concernéiert natierlech dervu profitéieren. Dat heescht, soubal et geet, geet een an d’Pensioun. Laang geet dat awer net méi ... wéi geet een dee Problem un?, freet d’Carine Lemmer an hierem Commentaire.
Kee Wonner, datt eise Rentesystem an d’Mauer rennt, sot virun zwou Wochen de fréiere Statec-Direkter Serge Allegrezza an engem Wort-Interview. Nëmmen 10 Prozent vun den Awunner, déi 60 Joer al ginn, schaffen nach. Eise Rentesystem ass esou generéis, datt d’Leit natierlech ophale mat schaffen, wann et geet. Ausname confirméieren d’Reegel.
D’Leit ginn haut méi al, d’Pensioune musse méi laang ausbezuelt ginn. Wéi soll dat alles finanzéiert ginn? Iwwert de Rentesystem gëtt elo mol diskutéiert. D’Ministesch Martine Deprez wollt sech nach op näischt festleeën - ausser, datt een net wéilt un déi aktuell Rente goen, also de Pensionéierten net wëll an d’Täsch gräifen. Dat wär e "seriöe Generatiounekonflikt". Mä Tatsaach ass, well déi aktuell Pensiounen esou generéis sinn, muss eppes geschéien. An treffe wäert et déi, déi dono kommen.
Engem eppes ewech huelen, kënnt jo ni gutt un. Scho guer net beim Wieler an der Wielerin, déi an dësem Land éischter al wéi jonk sinn. Déi aktuell Rentner sollen och effektiv näischt verléieren, mä Generatiounegerechtegkeet gesäit dach awer anescht aus. Déi "fett Jore" sinn eriwwer. Mir liewen a ville Beräicher op ze vill groussem Fouss. Déi nächst Generatioune mussen d’Rudder ëmleeën.
Regimm vun de Staatsbeamte matabezéien?
Eng Diskussioun an och eng Reform vum Pensiounssystem sinn definitiv néideg. De System versprécht den nächste Generatiounen eppes, dat net ze halen ass. Eng Wonnerléisung gëtt et net. Jidder Intressevertrieder muss no senger Clientèle kucken. Gëtt de Regime vun de Staatsbeamten och matabezunn? Am ëffentlechen Déngscht gëtt et zum Beispill kee Cotisatiounsplaffong, d’Pensioune ginn aus dem Staatsbudget bezuelt. Déi Jonk an der CSV an an der LSAP wéilten, datt de Regimm vun de Privatbeamte mat deem vun de Staatsbeamten zesumme geluecht ginn.
Aus elektorale Grënn dierft ee keng Angscht do virdrun hunn, sote si dës Woch op eiser Antenn. Virun de Staatsbeamte muss een awer Respekt hunn, wann een an dësem Land wëll gewielt ginn. D’CGFP widderhëlt ëmmer nees, datt eng Reform net annoncéiert war. Fir nächste Méindeg – dann ass Conférence des Comités - huet de Romain Wolff op Facebook eng "onmëssverständlech kloer Reaktioun" versprach.
Fréi an d’Pensioun an héich Renten
Mir gi wéi gesot fréi an d’Pensioun. Ze fréi? Do eppes z’änneren, do schéngt mer kee Wee derlaanscht. De legale Pensiounsalter läit bei 65 Joer. Tatsächlech gi mer awer mat 61, 62 Joer an d’Pensioun. Et ass verständlech, datt ee wëll an d’Pensioun, wann ee kann, an awer och schued, wann ee sech wéi bennzeg drop freet, net méi musse schaffen ze goen.
"Wéi laang muss du nach goen?" ... eng nerveg Fro. Muss ee mordikus un der Pensioun schaffen? Et kann ee positiv Ureizer ginn, fir och no 60 Joer nach ze schaffen. Firwat och net verstäerkt lues a lues ophalen? Et soll jiddefalls keng Tabue ginn. Net bei de Beamten, dem Rentenalter oder bei der Generatiounefro.