Moneyball

© Val Wagner
Datt eng Lëtzebuerger Futtballekipp virum Match net aus dem Vestiaire kënnt, well d'Salairen net iwwerwise goufen, huet een esou och nach net am nationale Championnat erlieft. De Swift Hesper ass doduerch e Sonndeg net géint Munneref ugetrueden. Et ass en neien Déifpunkt, wat d'Suen am Futtball och hei am Land mat sech bréngen. Geld investéieren ass dat eent, ma e schlechten Ëmgank mat dëse Sue suergt allgemeng am nationale Futtball fir vill Problemer. Ee Commentaire vum Jeff Kettenmeyer.
Schlecht Pub ass och eng Pub. Op d'mannst gëtt sech de nationale Futtball déi lescht Méint a Joren drun, fir domat ze glänzen. De "Spillerstreik" vum Swift Hesper e Sonndeg virum Match géint Munneref ass eigentlech just d'Spëtzt vum Äisbierg. An awer ass et eng Aktioun, déi iwwert den Holleschbierg eraus misst ze denke ginn. Datt et esou wäit muss kommen, datt Spiller net op den Terrain ginn, well se op hir Sue waarden, ass wuel just ee vu ville Problemer am nationale Championnat, mä nawell ee wichtegen. D'Geld dominéiert ëmmer méi de Sport a virun allem de Futtball, dat net nëmmen international, mä och wéi an dësem Fall an enger nach ëmmer soi-disant "Amateur-Liga". Et ass ee prinzipielle Problem vum Futtball an der héchster Spillklass, ma deelweis och drënner. An der Theorie mengt een dacks, datt méi Suen och méi Erfolleg bedeiten. D'Realitéit ass awer meeschtens eng aner. Änlech wéi am Privatliewen, muss jidderee fir sech wëssen, wéi a wou een d'Suen ausgëtt oder investéiert. Beim Wuert "Invest" freet ee sech ekonomesch gesinn, wat den "Return on invest" ass.
De Lëtzebuerger Futtball ass krank, verschidde Veräiner si finanziell massiv ugeschloen a struewele fir iwwer d'Ronnen ze kommen. Et lieft ee ganz einfach iwwert senge Verhältnisser, dat geet an alle gesellschaftleche Beräicher ëmmer just bis ee gewëssene Punkt an da klaakt et. Beim Championnat huet een den Androck, datt ee vum Kollaps net méi wäit ewech ass.
Donieft kommen déi verbal Aggressiounen an Ausernanersetzungen, bis hin zu Kläppereien, déi fir ee richteg schlecht Bild no bausse suergen. D‘Spectateure bleiwen aus, Zuele sinn komplett am Keller an et huet een d‘Gefill datt et keng wierklech Léisung gëtt fir dëse Problem.
Et kann een eigentlech just frou sinn, datt et nach ëmmer Leit ginn, déi fir d‘Veräiner an an deem Sënn och fir d‘Spiller liewen. Déi alles maachen, fir d‘Clibb um Liewen ze halen, net onbedéngt mat finanzieller Ënnerstëtzung mä an deem se hir Fräizäit an hir Passioun nach ëmmer hierginn. Déi sougenannten Identifikatioun zum Veräin, déi alt esou dacks thematiséiert gëtt, wou net mam Ego mä mam Häerz decidéiert gëtt. Mä och hei muss ee sech bewosst sinn, datt d'Versteesdemech bei de Benevollen, enger Partie Spiller an notamment de Spectateuren, bis op ee gewësse Punkt geet. An et sinn awer genee déi Leit, déi ee brauch fir den nationalen Nummer-1-Sport um Liewen ze halen.
D‘Mëllechkou Futtball gëtt gestrach, esou laang bis de Stall eidel ass.