An der Chamber gouf en Dënschdeg op Demande vun déi Gréng iwwer den Handyverbuet an de Schoulen debattéiert. Kuerz virun der Rentrée hat den Educatiounsminister Claude Meisch jo annoncéiert, dass de Smartphone vun Ouschteren d’nächst Joer un an alle Grondschoule verbueden ass. Am Lycée muss wärend de Coursen eng physesch Distanz tëscht dem Smartphone an dem Schüler garantéiert ginn. E richtege Schratt fir géint den exzessive Gebrauch vum Handy virzegoen, fënnt de Pierre Jans, dee sech awer freet, ob d‘Regierung net nach misst méi wäit goen. 

Bei dësem Thema kënnen déi meescht vun eis sech sécher mat der eegener Nues huelen. Mir verbréngen ze vill Zäit um Handy. Deen hält eis et jo selwer virun Aen, wann en eis uganks der Woch iwwer d‘Screentime informéiert. Also déi Minutten, meeschtens Stonnen, déi mir pro Dag an enger Woch mam Gesiicht am Ecran houngen. Et ass dacks erschreckend.

Commentaire vum Pierre Jans

A ville Beruffer brauch een säin Handy. Et ginn och vill flott Applikatiounen, déi den Alldag méi einfach maachen. Anerer inspiréieren ee fir Reesen, Iessen an Drénken oder Fashion. Mir wëllen a wäerten déi praktesch Apparater wuel net méi lass ginn, respektiv si eis net. Mä mir mussen eis et agestoen: et ass eng toxesch Bezéiung. Den Handy a mir, mir mussen an eng Therapie fir Koppelen.

„Mir si leider eng traureg Generatioun mat gléckleche Biller.“ Dat sot dat 17 Joer aalt Léonie viru puer Wochen an der Chamber wéi de Rapport vum OKAJU iwwer déi mental Gesondheet vu Jonke presentéiert gouf. Deen ass sou brutal wéi kloer: hir mental Gesondheet ass net gutt. Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher warnt, dass den Internet, den Handy a virop déi sozial Reseauen zu den Haaptgrënn gehéieren. Ofgesi vun den offensichtlech brutalen an net jugendfräie Contenuen, déi op verschiddene Plattformen och zirkuléieren - déi schéi Biller vun deenen d‘Léonie geschwat huet, kënnen duerchaus ästhetesch an op den éischte Bléck harmlos sinn, mä de Message, deen heemlech och beim Betruechter ukënnt, ass: „ech si besser wéi‘s du, kuck dass de hei mathäls. Huel of, kaf dëst an dat.“

Whistleblower - fréier Mataarbechterinnen a Mataarbechter vu Social-Media-Plattformen – hu scho confirméiert, dass dat gewollt ass. Et geet op deene Plattformen drëms, Liewensstiler a Kierpere mateneen ze vergläichen. D‘Algorithme sichen a fannen dem User seng Schwächten. Mat Regimme léisst sech Sue verdéngen. Mat méi Regimmen nach méi. 
Fir beim Bild vun der Bezéiung ze bleiwen. Dem Handy säi Charakter ass villschichteg an déi negatiivst Säit sinn d‘sozial Reseauen. Attraktiv, mä possessiv.

Déi manipulativ Säit musse mer als Gesellschaft an de Grëff kréien. Dem Smartphone eis Grenzen opweisen. Et brauch een och Zäit fir sech. Kanner a Jugendlecher déi vläicht nach méi vulnerabel si fir déi perfid Algorithmen, musse protegéiert ginn.

An Australien ass Social Media fir déi ënner 16 Joer al verbueden. D‘Plattforme si fir d‘Alterskontroll responsabel. Soss bléien Amenden. Groussbritannien a Frankräich denken iwwer de selwechte Schratt no. D‘Regierung heiheem sollt et och maachen. En éischte wichtege Schratt ass den Handyverbuet an de Schoulen. Ech fanne keng Argumenter dogéint. An déi meescht Schülerinnen a Schüler denken ech och net.
 
An engem Reportage iwwer d‘Europaschoul, wou den Handy gréisstendeels scho verbueden ass, sot d‘Léierpersonal, an der Paus hätte Jugendlecher op eemol nees Kaarte matenee gespillt a sech iwwer dëst an dat ausgetosch. Ouni Kopfhörer an den Oueren. Et ass bal net ze gleewen. An de Social Media gëtt et och keng Trace dovun.