Um Enn vum Tunnel vun der Logementskris ass genuch Luucht, fir d’Horoskop ze liesen

© Eric Steichen (Archiv)
Uganks des Mounts hat de Logementsminister Claude Meisch an der Chamber festgestallt, datt d’Aktivitéit um Immobiliëmarché nees zougeholl huet, wat existéierend Wunnengen an Haiser ugeet, ma et bei de Vefaen, also den neie Wunnengen, déi op Plang verkaf ginn, nach ëmmer lues géing dréinen. Dat trotz de ville Mesuren, wéi dem bëllegen Akt fir Investisseuren, der extra niddreger Besteierung op de Plus-valuen, dem Amortissement acceleré an den hallwen Enregistrementskäschten, déi d’Regierung agefouert huet, fir datt privat Investisseure sollen nei Locatiounswunnenge kafen a sou de Bausecteur reaniméieren. Do gëtt et am Fong just eng Conclusioun, mengt d’Michèle Sinner a sengem Kommentar.
De Claude Meisch hat nämlech och eng Erklärung fir déi Tendenz: D’Proprietäre vum Existant hätten, nodeems d’Zënse geklomme sinn an d’Prête méi deier goufen, d’Präisser däitlech erof gesat, fir hir Objete lass ze ginn. D’Promoteuren, déi d’Vefae verkafen, hätten dat net an dem selwechte Mooss gemaach. An tatsächlech: dem Statec sengem Wunnengspräisindex no sinn d’Präisser fir nei Wunnengen am zweeten Trimester dëst Joer nees am Verglach zum Trimester virdru geklommen. Se sinn also trotz alle Kloen aus dem Secteur, et géif een näischt méi verkafen, nees méi deier ginn. An dowéinst sot de Claude Meisch, datt och de Staat, bei deenen iwwerdriwwene Präisser, e groussen Deel vun de Vefa-Projeten, déi ëm vu Promoteuren ugebuede goufen, net géing kafen.
Trotzdeem sot de Premier Luc Frieden zwee Deeg dono um Pressebriefing: D’Mesurë géife wierken. An et wier ee frou, op d'mannst den Ufank vum Enn vum Tunnel ze gesinn. Jo, well, Bankieren, Entrepreneuren an Notairen, mat deenen hie geschwat hätt, hätten him gezielt, et wier nees méi Demande do. A fir deene Leit entgéint ze kommen, déi elo tëscht Bank a Notaire géingen hänken, géifen een déi Mesuren, also bëllegen Akt, Quart-Taux, etc., bis den nächste Juni verlängeren.
Amplaz mat senge Frënn aus Notable-Kreesser Kosettchen ze halen, hätt hie vläicht kënne beim Enregistrement nofroen, wéi d’Tageblatt dat dës Woch gemaach huet; dann hätt en amplaz vun e puer Impressioune konkret Zuele kritt a wier gewuer ginn, datt dëst Joer nach net méi nei Wunnenge verkaaft goufe wéi d’lescht Joer an, datt, trotz engem klengem Peak am Oktober, am November nees manner Akte fir Vefae gemaach goufen.
An dann hätt hien, wéi de Claude Meisch, vläicht verstanen, datt wann d’Präisser op de Vefaen héich bleiwen an der trotz alle Steierkaddoe fir d’Investisseuren net méi verkaaft ginn, dat just kann heeschen, datt d’Promoteuren déi Kaddoe wëllen, Cash an d’Täsch stiechen, fir ze kompenséieren, wa se sech op den Terrainspräisser verspekuléiert hunn.
Well wann een den anere Facteur kuckt, deen de Claude Meisch genannt huet, nämlech d’Zënsen op de Prêten, da gesäit een eng kloer Korrelatioun tëscht Zënsen an Zuel vun Transaktiounen: Zanter déi europäesch Zentralbank d’Leetzënsen eropgesat huet, kënne manner Leit sech e Prêt leeschten, fir ze kafen. An zanter se nees erof ginn, sinn et der nees e puer méi.
Well ech manner Bankiers- an Entrepreneursfrënn hunn, fir ze poteren, wéi de Luc Frieden, mee awer wollt wëssen, wéi et dann elo weider geet, mat der Logements- a Baukris, hunn ech elo de Saz a menger Kaffistaass gekuckt a mäin Horoskop gelies an dat huet mer gesot, datt wann d’EZB, sou wéi de Lëtzebuerger Zentralbankchef Gast Reinesch d’lescht Woch sot, hire Leetzëns bis d’Fréijoer op 2,5 Prozent erofsetzt, och nees méi Immobilientransaktioune gemaach ginn. Dann, seet d’Horoskop viraus, wäert d’Regierung sech nees freeën, datt hir Steiermesurë gewierkt hunn. E Grapp voll Promoteure wäerten hir da Recht ginn a fir hir Politik felicitéieren, wärend se zefridde feststellen, datt hire Porte-Monnie ëm zeg Millioune Steierkaddoe méi déck ass.