Prioritéit Aarmutsbekämpfung

Et sollt eng vun de grousse Prioritéite vun der CSV-DP-Regierung sinn, déi elo ee Joer am Amt ass.
Net KI, wéi am leschte Budgetsrapport, mä d'Aarmutsbekämpfung. Wat Schwaarz-Blo bis elo an deem Feld opweises huet, ass mitigéiert. An dat net nëmme wéinst dem méi wéi holperege Start. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
Datt eng Regierung, déi sech d'Aarmutsbekämpfung grouss op de Fändel schreift an als alleréischt Amtshandlung en Heescheverbuet zu bestëmmten Auerzäiten a bestëmmte Stater Quartiere guttheescht, vill Géigewand kritt, dat konnt keen iwwerraschen. A wa bis op een eenzegen all déi ganzer 11 Protokoller, déi geschriwwe goufen, vun der Justiz klasséiert goufen, da kann een de Reproche vu politeschem Aktionismus och net ganz vun der Hand weisen.
D'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay huet ëmmer nees der Stater Majoritéit virgehäit, et géif hir just drëms goen, fir d'Stadbild propper ze halen. Dat gëtt schwéier, well där Aarmer - dat huet een d'lescht Woch op de Biller vum strubbelvolle Sall vun der Chrëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss gesinn - gëtt et ëmmer méi.
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer dementéiert dat natierlech. Ma Aussoen, wéi rezent um Radio 100,7, datt een net dulde kéint, wa Leit - wuel verstanen an dësem Fall Heescherten - mat Hënn ënnerwee wieren, déi net un der Léngt sinn, respektiv datt d'DP-Politikerin sech an deem Interview nach emol op de Maître Vogel a seng méi wéi onschéin Ausdréck referéiert, léisst op aneres schléissen.
Zu der Wourecht gehéiert och, datt d'Regierung duerchaus eng Rei Mesure geholl huet, fir de Leit finanziell ënnert d'Äerm ze gräifen. Méi "Netto vum Brutto" a sou. Elengerzéier gi vum anere Joer u steierlech entlaascht, de Mindestloun gëtt steierfräi - wat an Euro net zwar net terribel vill aus mécht - d'Energieprimm gëtt verdräifacht. Richteg ass och datt, d'Energiepräisser d'nächst Joer awer och klammen an d'Politik mat den Adaptatiounen iwwerhaapt mol der Präisentwécklung Rechnung dreet an dem Schéiereffekt usazweis entgéintwierkt. Fir dee schéinste Chrëschtkaddo vun allen Zäiten, sou wéi d'CSV-Fraktioun et duerstellt, geet et net grad duer.
Carrement ee Véierel vun de Kanner hei am Land ass aarm oder riskéiert, an d'Aarmut ze rëtschen a just a Rumänien kënnen europawäit méi Leit net vun hirer Aarbecht liewe wéi zu Lëtzebuerg. Trotz Index an dem héchste Mindestloun.
Strukturell de Mindestloun an d'Luucht ze setzen, fir datt sech schaffen also wierklech méi lount, dat traut sech Schwaarz-Blo aus Angscht virun de Patronen awer net. Déi hu jo grad, dat gesäit een och am Aarbechtsrecht bei der Regierung, e Fouss an der Dier. Do muss et mat der reegelméisseger Upassung vun 2,6 Prozent duergoen. Wat beim vun de meeschten Oppositiounsriedner kritiséiert gouf.
Woubäi d'LSAP als Partei, déi historesch gesinn am längsten an der Regierung war, duerchaus och virun der eegener Hausdier kiere misst. Ëmmerhin ass all déi Jore mat sozialistescher Regierungsparticipatioun d'Schéier tëscht Aarm a Räich just weider an d'Luucht gaangen. Ob der haiteger Majoritéit hiert Engagement fir d'Aarmutsbekämpfung wierklech sou grouss ass wéi gesot, wäert och den nationalen Aktiounsplang géint Aarmut weisen, dee fir dat anert Joer ugekënnegt ass. A wéi séier de sougenannte "Guichet social" an den automateschen Ausbezuelungsmechanismus kënnt fir déi Leit, déi d'Hëllefen ze gutt a se bis elo aus diverse Grënn net ufroen. Erschreckend 80 Prozent fir d'Loyerssubventioun, an dat bei deenen héije Loyerspräisser, a ganzer 40 Prozent fir d'Deierechtzoulag.
Ob aner Hëllefe méi gefrot sinn, weess een net. Do gëtt et einfach keng Chifferen. Mesuren, déi verhënnere sollen, datt een iwwerhaapt an d'Aarmut rëtscht, dovunner huet ee bis elo rose wéineg héieren. Also eng wierklech aner Sozialpolitik. Grad wéi vun enger méi sozial gerechter Steierreform, an där d'Aarbecht manner a Kapital méi besteiert géif, wéi d'Salariatskammer et ëmmer rëm freet, guer keng Rieds ass. Et ass net mol sécher, ob déi annoncéiert Steierreform dës Legislatur iwwerhaapt kënnt.