Wéi den Terrain fir de Musk a fir Faschismus preparéiert gouf a gëtt

D'Demokratie ass a Gefor, warnen ëmmer méi traditionell Parteien a Journalisten. Si hu Recht, fënnt de Fränz Aulner a sengem Commentaire. Allerdéngs, sinn se a sengen Ae mat dru Schold, datt Elon Musk, Trump an anerer esouvill ze soen hunn.
Den Elon Musk inkarnéiert de Libertär gutt, mee ass net eleng. Hie stellt sech selwer als Befreier oder Beschützer vun der Fräiheet duer. Hie schléit op d’Institutiounen, well de Staat d’Leit géing ënnerdrécken, d’Justiz Helde géing kalstellen an d’Medien d’Sproochrouer vum Pouvoir wieren. A Wierklechkeet handele Musk a Co ewéi Bullys a menacéieren d’Fräiheet vum Vollek, well se d’Fundamenter vun engem moderne Staat, den Equiliber vun den checks and balances - der Gewaltentrennung eben - ofbaue wëllen.
Et muss een awer soen: Den Terrain gouf fir si gutt präparéiert. Ugefaangen domadder, datt d’Politik an engem falsch verstane Liberalismus oder aus Angscht Zensur virgeworf ze kréien, d’Social Media quasi onkontrolléiert gewäerde gelooss huet. Obwuel d’Manipulatioun vun de Leit duerch d’Algorithmen bewisen ass an d’falsch Informatioune proliferéieren. D’traditionell Medien hu Feeler gemaach, mee hale sech awer op d’mannst un deontologesche Reegelen a ruffen zum Beispill net zum Haass op. Op de Socials mécht ee bal wat ee wëll.
De "Nährboden"
D’traditionell Medie kréie virgeworf parteiesch ze sinn. Dat gëtt et, mee op de Socials ass quasi alles parteiesch. D’Medien, ewéi mir, hu Kritik verdéngt, mee ze behaapte mir géingen eis Aarbecht net maachen, kann ech net ganz gëlle loossen: wéi vill Skandaler hu mir a Journalistekolleegen opgedeckt? An et gëtt keng Partei, déi sech ni iwwert eis Kritik géint si opgereegt huet. Mee soit, d’Medien, mee haaptsächlech d’Politik, hu sech vläicht ze wäit vum Public beweegt an ze vill Wichtegkeet op dat Institutionellt oder Aktiviste geluecht. Oder sensibel oder kontrovers Themen, déi d’Leit ewéi sech erausgestallt huet interesséieren, de Populisten oder Milliardären iwwerlooss.
Et kéint een och de Leit de Reproche maachen op de Populismus ranzefalen, mee dat wier ze einfach. D’Politik huet et nämlech virun allem verpasst am Logement, an der Ekonomie an Aarbechtswelt, an der Educatioun oder nach bei de Steieren de Populisten de "Nährboden" ewechzehuelen, deen hinnen et elo erméiglecht, Aarmer géint aner Aarmer oder Mëttelschicht géint Migranten auszespillen. D’Liberal-Konservativ hunn aus elektorale Grënn mam Populismus ze vill kooperéiert, amplaz selwer Alternativen ze bréngen. Wann d’Politik legitim Grënn hat, fir onpopulär restriktiv Mesuren ze huele fir d’Pandemie, d’Klimakris oder d’Staatsscholden ze bekämpfen, esou huet se d’Fro vun der sozialer Gerechtegkeet ëmmer erëm negligéiert, d’Mesuren net gutt eriwwer kritt an uewendrop nach Feeler jo esouguer Skandaler produzéiert.
Monopol = Faschismus
Den Elon Musk a seng Fans, respektiv Spillfiguren, notzen zanter enger Zäit dat alles aus a spillen d’Leit ewéi gesot géinteneen aus. Ma: den Elon Musk huet e Verméigen dat 5 Mol dem PIB vum Grand-Duché entsprécht, also 5 Mol deem, wat d’ganzt Land iwwert d’ganzt Joer mat senger Finanzplaz an de Recht produzéiert. Hien interesséiert just säi Verméigen a Pouvoir viru Steieren a Regulatiounen ze schützen.
D’liberal Amerikaner haten et schonn am leschte, jo esouguer virleschte Joerhonnert verstanen, wéi se kloer Limitte fir d’Monopoler geschaaft hunn. Just virum Krich 1938, huet den deemolege President Franklin Roosevelt virum Congress en Discours gehal iwwert de Besoin Monopoler ze bändegen. Hie sot: «déi éischt Wouerecht ass, datt d’Fräiheet vun enger Demokratie net sécher ass, wann d’Leit de Wuesstem vum private Pouvoir toleréieren, bis dee méi staark gëtt ewéi hiren demokratesche Staat selwer. Dat ass – a senger Essenz – Faschismus.»