Milliarde fir d'Defense: Lëtzebuerg muss schwiereg Decisioune beim Budget anstänneg kommunizéieren

En Donneschdeg ass zu Bréissel e Spezial-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, fir iwwert déi aktuell Entwécklunge ronderëm d'Ukrain a virun allem fir iwwert déi europäesch Defense ze schwätzen. Rieds geet vun Honnerte Milliarden Euro, déi sollen zesumme mobiliséiert ginn. Dat bedeit natierlech och substanziell Contributioune vun de Memberlänner. Wat Lëtzebuerg an deem Kontext bereet ass op den Dësch ze leeën, ass aktuell awer nach vill ze vill onkloer, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
"Et ass am strategeschen Interêt vu Lëtzebuerg, fir säin Deel zum Fridden an Europa bäizedroen", esou de Premier Luc Frieden en Dënschdeg an der Chamber. Et kéint een aneren, dacks manner räiche Länner, net méi erklären, firwat ee proportional manner an d'Defense investéiert wéi si. Domat schéngt de Premier ze probéieren, de Leit méiglechst douce bäizebréngen, datt d'Depensë fir d'Verdeedegung substanziell wäerten an d'Luucht goen. Kuckt ee sech aktuell eng Kéier an der Welt ëm, ass dat kaum verwonnerlech. Erstaunlech ass just d'Aart a Weis, wéi d'Regierung dat kommunizéiert. Well entweder si huet nach kee Plang oder si ass maximal intransparent.
U sech hat d'Regierung wëlles, d’Depensë fir d’Defense bis 2030 op zwee Prozent vum nationale Räichtum eropzeschrauwen. Dat wäert awer elo wuel mussen e gutt Stéck méi séier gemaach ginn. Ëmmerhin ass Lëtzebuerg eent vun nëmmen enger Hand voll Länner, déi dat aktuellt offiziellt NATO-Zil fir op d'mannst zwee Prozent vum PIB an d’Verdeedegung z’investéieren, schonn net erfëllt.
Elo schwätzt de Premier dovun, fir eng "fundamental Reorientatioun vun de Sécherheetsausgaben iwwert déi nächst 10 Joer" ze maachen.
De Finanzminister schwätzt vun enger "Reprioritisatioun vun eisen Investitiounsausgaben". Souwäit sou onkloer.
Géife mir eis Verdeedegungsausgaben elo net iwwer 10 Joer, mä direkt vun aktuell 1,32 Prozent op 2 Prozent vum RNB eropsetzen, misste mir amplaz 780 Millioune knapp 1,2 Milliarden Euro am Joer am Budget dofir virgesinn. Bis 2030 sinn dat schonn eppes méi wéi 1,4 Milliarden Euro am Joer.
Wou dës Sue sollen hierkommen, seet de Premier net. An och de Finanzminister bleift kryptesch a sengen Aussoen. Dee Plus kéint net eleng mat neie Scholde couvréiert ginn, esou de Gilles Roth am RTL-Interview. Gläichzäiteg bräichte mir e gewëssene Puffer am Budget fir sozial Ausgaben an d’Maastricht-Krittären eng Zäit laang net z’erfëllen, kéinte mir eis och net leeschten. Schliisslech géife mir dann den dach esou wichtegen Triple A op d'Spill setzen. Ah jo, an d'Steierreform muss och nach ëmgesat ginn, ouni datt dobäi een eppes verléiert.
Wat si awer alleguer net soen, ass datt d’Recettë vum Staat systematesch ëm 3 bis 4 Prozent ënnerschat ginn. Dat si ronn eng Milliard Euro am Joer manner Defizit, wéi am Budget stinn. Elo kann een och déi Suen net dräimol ausginn. Also muss effektiv eng Decisioun geholl ginn, wat eis wichteg ass. Doriwwer wëll de Premier elo mol nach mat all de Parteien an der Chamber beroden. Parallel lafen op europäeschem Niveau d'Diskussiounen op Héichtouren, wéi der Ukrain hiert Lach am Portmonni, dat duerch de Revirement vun den USA entstanen ass, ka gestoppt ginn.
Et ass ze hoffen, datt d’Regierung net elo eréischt domat ufänkt, déi verschidden Optiounen duerchzespillen an de Budget nach eng Kéier op de Leescht ze huelen. Mä da bleift et dobäi: entweder si huet kee Plang, oder si ass maximal intransparent. Ech sinn net ganz sécher, wat méi schlëmm ass.