Wéi stabel ass eng Demokratie, wann déi Gewielte selwer um Fundament rëselen? E Kommentar vum Diana Hoffmann iwwer d'Grenze vum demokratesche Wëllen.

Wéi kann et sinn, dass Politiker a fräien a faire Wale gewielt ginn – a gläichzäiteg Usiichte vertrieden, déi fundamental Prinzippie vum Rechtsstaat a Fro stellen?

Commentaire vum Diana Hoffmann

An enger Demokratie gëtt erwaart, dass d’Volleksvertrieder d’Reegelen an d’Grondwäerter vum System, an deem si handelen, unerkennen a respektéieren. Gläichzäiteg huet d’Vollek d’Recht, iwwert d'Uerdnung matzebestëmmen, an där et lieft. Wat geschitt also, wann d’Demokratie duerch demokratesch Mëttel selwer a Fro gestallt gëtt?
 
Eng Erausfuerderung vun engem System, déi ëmmer méi real kéint ginn. Enger rezent publizéierter Polindex-Etüd no si 35 Prozent vun de jonke Lëtzebuerger tëscht 18 a 24 Joer net der Meenung, oder net sécher, ob d’Demokratie déi bescht méiglech Staatsform ass. Dëst weist: D’Vertrauen an déi aktuell politesch Uerdnung ass, och hei, net méi selbstverständlech.
 
Reegelméisseg weise sech an Europa Spannungsfelder am Rechtsstaat. Nach déi lescht Wochen a Frankräich tëscht der Politik an der Justiz. Dat, nodeems déi franséisch Politikerin Marine Le Pen wéinst Verontreiung vun ëffentleche Gelder am EU-Parlament an éischter Instanz verurteelt ginn ass an eventuell net ka bei den nächste Walen untrieden. Net nëmmen aus Solidaritéit mat hir, mee och als Kritik un enger Justiz, déi vun hire Supporter als politesch motivéiert ugesi gëtt, sinn Dausende Mënsche manifestéiere gaangen. Reaktiounen, déi weisen, wéi séier de Rechtsstaat op Widderstand stousse kann, wa Leit mat politeschem Pouvoir zur Rechenschaft gezu ginn. Souguer wann dëst am Kader vum Gesetz geschitt.
 
Wiem da beim Ubléck vun esou, oder anere grousse Maniffen, déi villäicht net senger Ideologie entspriechen, elle gëtt, muss sech awer och soen: D’Staatsform vun der Demokratie baséiert net just op Majoritéits-Entscheedungen, mee ass méi komplex. Zum Fundament gehéiere Reegelen, déi d’Muecht limitéieren – och d’Muecht vun der Majoritéit. D’Gewaltentrennung, d’Rechtsstaatlechkeet a fräi Meenungsäusserung sinn eigentlech net verhandelbar, och net wa politesch Acteuren no radikale Changementer ruffen.
 
Am Endeffekt ass déi grouss Erausfuerderung vun der Demokratie, e fragilt Gläichgewiicht ze halen. Tëscht dem demokratesche Wëlle vum Vollek an de Mechanismen, déi verhënneren, dass d’Demokratie sech selwer ofschaaft. Et geet net drëm, Meenungen ze verbidden – mee dorëm, d’Spillreegelen esou festzeleeën, dass si net einfach esou kënnen opgeléist ginn.
 
Dofir muss ee sech bewosst bleiwen, dass d’Staatsform vun der Demokratie kee Selbstläufer ass. Zwar kënnt se net vun haut op muer an d’Wackelen, mee se kann trotzdeem lues a lues ausgehielegt ginn, wa mer hier Prinzippien net méi eescht huelen. Grad dowéinst kënnt et net just op hier Institutiounen oder Gesetzer un, mee op eng wakereg an engagéiert Gesellschaft. Wien Demokratie wëllt, muss prett sinn, se ze schützen – grad dann, wa se aus dem Kär eraus a Fro gestallt gëtt.